Nov 28 2010

NILTON MARTINS am caramba magazine

Published by at 01:18 under Acting,Articles

SOURCE; http://www.caramba.lu/

De Nilton Martins ass eng vun de groussen Hoffnungen an der Lëtzebuerger Schauspillszen. Beim gréissere Publikum huet en duerch seng Roll am Andy Bausch sengem drëtten Volet vum Troublemaker op sech opmierksam gemat. Mee de Nilton Martins huet an enger Villzuel vu Filmer an Amateurprojeeën matgemat, ass Schauspiller an DJ, probéiert sech als Scriptwriter oder Regisseur. Saïn Beruff erfuedert eng Kämpfernatur a vill Leidenschaft, ass wuertwiertlech eng „Berufung“, net nëmmen en „Job“. Di grouss „Erliichtung“ hat en iwwregens am Reliounsunterricht an der Schoul; do huet en Forrest Gump mam Tom Hanks gesin an hien wosst direkt: „Dat doten well ech och man!“

Wéi bass de zur Schauspillerei komm?

Bei mir huet dat schon ganz fréih ugefangen. Ech hun aal Filmer mat mengem Papp gekuckt. Mafia Filmer oder de Rocky! Duerno hun ech ugefaangen Filmer vum Fernseh opzehuelen an e puer Mol hannerteneen ze kucken. Sou hun ech de Kino entdeckt an och, well ech Filmer an der Schoul gesin hun, virun allem am Reliounsunterricht . Et war en Draam irgendwéi kennen verschidden Beruffer ze spillen, a sech net fir een décidéieren ze mussen. E Pompjee oder e Flic an engem Film! Beim Film Forrest Gump huet et dunn KLICK! gemat. Ech hun da mäin
Lycée gemat a mech duerno lancéiert, sin op Paräis gaangen fir eng richteg Formatioun ze kréien.

Wou hues de deng Ausbildung gemat? Wéi huet dat konkret ausgesin?

Majo ech hun ugefaangen während menger Lycéeszäit Oweskueren ze huelen beim Jean-François Wolff, waat mir scho super gefall huet. Nom Lycée war deen éischten Saatz: «Elo geet et réischt richteg lass.» Ech hun Au-
ditiounen gemat fier a Filmschoulen eranze-
kommen, awer meng gréissten Ambitioun war
Paräis. Grouss Stad an dausend Méiglechkee-
ten! Ech si schliesslech un der Ecole Interna-
tionale de création audiovisuelle et de réali-
sation (EICAR) ugeholl gin fir eng dräijähreg
Formatioun. Ech haat allerlee Kueren, vun Art
Dramatique matt zwee russeschen Proffen,
déi vill op der Basis vum Konstantin Stanis-
lavski, engem Schauspiller an Regisseur, ges-
chafft hun, iwwert Travail avec Caméra, wou
een geléiert huet, sech natirlech virun der
Kamera ze déplacéieren. Awer och theore-
tesch Kueren wéi „Histoire du cinéma“ stoun-
gen um Programm. Fir éisen Kierper besser
kennen ze léieren an fier kennen domadder
ze schaffen, hun ech „escrime théâtrale“ an
Danz (Jazz, Hiphop, Rock’n Roll) gemat.
Mat wéienge Schauspiller an/oder Regisseuren
hues de zesummengeschafft? Ween huet dech
beandrockt?
Déi éischt grouss Erfahrung, déi ech gemat
hun, war an engem Kuerzfilm Le cri du pa-
pillon vum TUNO. Et war en Independent Film
a Südfrankreich. An do huet alles gepasst. Mir
waren nemmen dräi Schauspiller a mir hun
eng Woch lang matzen am Besch gedréiht. De
Regisseur, de Kader an d’Equipe waren ein-
fach top an et ass super virun gaangen.
Weider schéin Erfahrungen haat ech op dem
Dréih vun La nuit des enfants rois. Een Mo-
tion Capture Film deen 2011 erauskennt. De
Regisseur war engersäits zimmlech jonk drop
an konnt d’Saachen an enger „cooler“ Form
erklären, mee hien war och exigent an konnt
ganz séier sérieux gin. Matt enger Mëschung
vun lëtzebuergeschen, franséischen an ameri-
kaneschen Schauspiller hun ech vill geléiert,
mee och fir déi éischten Kéier eng grouss Roll
an engem Long Métrage gespillt. Vill Propo-
sen déi ech dem Regisseur gemaach hun, hun
him gefall, sou konnt ech mäi Personnage
ausbauen.
Dann bléiwt natirlech méng grouss Expé-
rience mat de Lëtzebuerger Regisseuren. Déi
éischt war mam quasi gläichaltregen Govinda
Van Maele an engem Kuerzfilm (Josh). Wat
ech bewonnert hun, war dem Govinda séng
Gedold a séng ganz einfach Art a Weis fier
dir d’Szen a seng Erwardungen un dech ze
erklären.
Mam Andy Bausch wosst ech och direkt, wat
e wollt (Vläit hu lëtzebuergesch Regisseuren
dat u sech!). Den Andy huet seng Szen scho
genau am Kapp a kann dir och direkt soen,
wéieng Astellungen wärten gemaach gin.
Dann weist hien dir a séngem risegen Clas-
seur de Storyboard, a lass geet et. Durch vill
schwätzen an de Prouwen, virum Dréih bei
engem Patt oder um Set selwer, léisst hien dir
eng gewësse Fräiheet an déngem Spill. Hie
kuckt sech déi Saach un, a geet dann dra ver-
besseren, wann et si muss. Trouble No More
bleiwt fier mech eng wonnerschéin Liéwen-
serfahrung. Och well ech eppes vu menge Par-
tner (Marco Lorenzini, André Jung, Hervé
Sogne) léiere konnt..
Fierwat bas de op Lëtzebuerg zréck schaffe komm?

Ech sin portugiesescher Oofstammung, mee
hei gebuer. An doheem ass, wou een sech am
beschten fillt. Natirlech wëll ech och méi wäit
bessi schnuffelen goen! Op Paräis souwisou!
An Däitschland (firwaat net) an och a Por-
tugal, well ech jo och nach Portugiesesch
schwätzen kann! Mee héi gin et super Pro-
jeeën a wirklech talentéiert Léit mat deenen
et emmer flott ass fier ze schaffen. Lëtzebuerg
bléiwt emmer eng Plaatz, wou ech hoffen eng
Arbescht am Filmberäich ze fannen. Wann et
och am Ausland klappt, da wëll ech hin an hier
reesen an e Maximum doraus maachen.
Gett et eng Roll, déi’s de onbedéngt eng
Kéier wéils spillen?
Do get et net eng bestemmten Roll, mee et
wier mol flott eppes ze spillen, waat guer net
zu méngem Stéréotyp passt. Eppes wou een
sech muss gudd drop virbereeden an och vill
Informatiounen muss siche goen.
Theater oder Film?
Also wéi ech ugefaangen hun mat der Schaus-
pillerei, duecht ech nëmmen „Film! Film!
Film!“. Mee während der Ausbildung hun ech
déi schéi Säit vun der Bühn entdeckt an et war
och e richtegen Challenge fir mol e klassescht
Stéck ze spillen. Méng grouss Angscht war
zumols d’Sprooch, mee och d’Präsenz, d’Aura
vun engem bombastesche Personnage (z.B.
vum Earl of Gloucester aus dem Shakespeare
sengem The Tragedy of King Lear) eriwwer
ze bréngen. Haut kann ech soen, ech maachen
déi zwou Saachen gläich gären.
Wéi steet et mat Arbecht am Ausland?
Ech hu säit kurzem en Agent an Däitschland
a sin op der Sich no engem néien Agent zu
Paräis. Och wann den Agent hëlleft Castingen
ze fannen, kucken ech regelméisseg am Inter-
net no Annoncen. Héiansdo huet een d’Chance
op een Tournage am Ausland.
Gett et eng staatlech Hëllef fir Schau
spiller?
Jo, de Ministère de la Culture ennerstëtzt déi
Waat géifs de engem Jonken roden, dee
Schauspiller wëll gin?
„Il vaut mieux vivre avec des remords qu’avec
des regrets.“ E Saatz deen mir immens ge-
fällt. Ech hu méng 13ème gepackt. Hat also
een Diplom an der Hand an dunn hun ech
mech lancéiert. An haut sin ech nach dran an
där Aventure. Et ass éischtens net einfach,
well et gin an de grousse Stied ganz vill Léit,
déi dat selwescht maachen wellen. Zu Paräis
ass d’Konkurrenz immens grouss, a vun anere
Schauspiller krut ech gesot, datt Berlin oder
London net besser wieren. Et ass e grousse
Kampf mat vill Héischten an Déiften. Et
kann een ee Moment vill Arbescht hun an et
rullt, an e puer Méint méi spéit ass näischt
méi do. Dann sichs de nees néi Projeeën.
Ween daat maachen well, soll et durchzéi-
hen an kéng Angscht hun! Einfach an d’kaalt
Waaser sprangen an mol kucken, wat dobäi
eraus kennt! Allerdéngs och schons am Viraus
iwerleeën, waat alles kéint am kaale Waaser
geschéihen! Einfach gett et secher net! Mee
wann een et mecht, da soll een dozou stoen.
Ech hun décidéiert dat ze maachen, wat mir
gefällt. Hun eng Ausbildung am Commerce,
mee wees net, ob et mir gefalen géif aacht
Stonnen um Büro ze sëtzen. Villen Léit gefällt
déi Arbecht vläit. Mee fir mech ass d’Liewen
en Abenteuer an all Daag kënnt e klengt
Abenteuer dobäi. Dofier maachen ech och e
Beruf, deen ech richteg gären hun.
Filmographie – long métrages:
2010
ELLE NE PLEURE PAS, ELLE CHANTE
(Réal. Philippe de PIERPONT)
2009
TROUBLE NO MORE (Réal. Andy
BAUSCH)
LA NUIT DES ENFANTS ROI (Réal.
Antoine CHARREYRON)

2008
HEEMWEI (Réal. Sacha BACHIM
LES DENTS DE LA NUIT (Réal. Stephen
CAFIERO et Vincent LOBELLE)
ENTREE DES ARTISTES (Réal. Andy
BAUSCH)
court métrages:
2010
MANO DE DIOS (Réal. Adolf EL ASSAL)

2009
DATE-LESCH (Réal. Mike TEREBA;
Georges WARINGO)
LA ROUTINE (Réal. Saesa KYIOKAWA)

2008
J’ME PRESENTE (Réal. Florence
BACHELIER)

2007
ETRE ET VIVRE AVEC Réal. Henri-Pierre
PLAIS)

2006
BLANC (Réal. Sacha BACHIM)
(Prix Ministère du Gouvernement de
la Communauté Française, pour la
photographie)

JOSH (Réal. Govinda Van Maele)
(François-Ode Preis Hamburg)
Wells de nach aner Felder am Theater an am
Kino exploréieren? Waat si vläit zukünfteg
Projeten?
A Punkto Theater wier ech frouh eng Kéier
e grousst Stéck op Englesch oder Portugie-
sesch ze spillen. Mee ech schréiwen och, z.B.
Stécker fir Lëtzebuerger Amateuren. Ech
wärt emmer probéieren doranner kreativ ze
sin. Wat Film ubelangt, hun ech schon a Pro-
jeeën wéi Heemwéi (bei Feierblumm a.s.b.l.)
oder Dernier Etage, Gauche Gauche (An-
gelo Cianci; Iris Productions) bei der „direc-
tion d’acteur“ gehollef, wat mir gudd gefall
huet. Méng grouss Ambitioun ass e Film ze
schreiwen an ze réaliséieren.
www.niltonmartins.com
www.caramba.lu 21

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply