Jan 20 2011

2 Lëtzebuerger Co-Produktiounen op der Berlinale 2011

Published by at 16:18 under Articles

SOURCE: http://kultur.rtl.lu/kulturpur/news/92607.html

2 Lëtzebuerger Co-Produktiounen stinn op der Dagesuerdnung vun der Berlinale 2011 vum 10. bis den 20. Februar.

Dernier Étage Gauche Gauche, ass en Angelo Cianci Film, Co-produzéiert vum Nicolas Steil, deen zum gréissten Deel am Grand-Duché gedréint gouf.

De Film, nominéiert an der Kategorie Panorama, ass um technesche Volet vu Lëtzebuerger Mataarbecht geprägt. Esou kënnt virop d’Musek vum Gast Waltzing.

Dernier Étage Gauche Gauche, ass eng Komedie an der et ëm e Geiseldrama an enger Banlieue handelt bei dem net alles riicht leeft.

De Jani Thiltges a Samsa hunn hirer Säits um Film “Mein Bester Feind” matgewierkt. De Film ëm de bekannte Filmschauspiller Moritz Bleibtreu feiert zu Berlin seng Premiere.

“Mein Bester Feind” mam Moritz Bleibtreu.

Déi 61. Editioun vun den Internationale Filmfestspiller vu Berlin fënnt dëst Joer vum 10. bis den 20. Februar zu Berlin statt.

An an dem Kader dierf de jonke Lëtzebuerger Eric Lamhène um Berliner Talent Campus Seminaire deelhuelen. E Seminaire dee vun Experte geleet gëtt an ronn 350 jonke Regisseuren d’Chance zur Weiderentwécklung gëtt.

D’Vicky Krieps, Actrice, ass hirersäits mat hirer Roll am Film “Wer wenn nicht wir” och op der Berlinale mat dobei.

D’Vicky Krieps spillt iwwerdeems och d’Haaptroll am Film “Légal.Illégal” deen um Max Ophüls Festival zu Saarbrécken gewise gëtt.
Dëst ass e Kuerzfilm vun der Lëtzebuerger Filmstudentin Eileen Byrne.

“Légal.Illégal” dës ganz Woch um Max Ophüls Festival zu Saarbrécken.

“Illégal”zu Palm Springs ausgezeechent

De Film “Illégal”, zu 45 Prozent Co-Produzéiert vun Iris Production vun Lëtzebuerg, huet direkt 2 Awards um Internationalen Film Festival zu Palm Springs ofgeraumt.

D’Anne Coesens ass als beschten Actrice mam FIPRESCI Award ausgezeechent ginn.

An de LUMIÈRE Award fir de beschten Francophone Film geet un d’Produzenten.

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply