May 17 2012
Cannes op RTL.lu
Och dëst Joer huet RTL.lu erem en Dossier ageriicht mat News iwwer Cannes.
Dëss kommen zum gréissten Deel vun hierem Mann op der Plaaz, dem Jemp Thilges.

Cannes: Nieft “A perdre la raison” sinn 2 aner Lëtzebuerger Co-Produktiounen “Ernest&Célestine” a “J’ernrage de son absence” an offizielle Selelektiounen.

Ernest &Célestine ass een 2D-Zeechentrickfilm vum Stéphane Aubier, Vincent Patar a Benjamin Renner, coproduzéiert vum Stéphan Roelants (Melusine Productions/Studio 352) a selektionnéiert fir d’Quinzaine des réalisateurs“. Déi meescht Animatioune goufen an de Studioen zu Konter gemaach.

J’enrage de son absence ass eng Coproduction vum Nicolas Steil (Iris Productions) realiséiert vum Sandrine Bonnaire, selektionnéiert fir “Semaine de la critique“. Eng ganz Rei Lëtzebuerger Techniker hu bei dësem Film matgeschafft, dee leschte Summer zu Lëtzebuerg gedréit gouf.
Comments