Jul 18 2014

Direkt Subventionéierung fir d’Filmindustrie ugeholl

Published by at 01:03 under Articles

SOURCE: http://www.rtl.lu

Mat 57 Stëmme gouf e Gesetz ugeholl, dat de Finanzement vun der Filmindustrie ännert, engem Sekter an deem méi wéi 700 Leit schaffen. Haaptzil vum Gesetz ass et de Regime vun de „Certificats d’investissement audiovisuel“ ofzeschafen. Den audiovisuelle Sekter kritt déi selwecht Hëllef elo iwwert en anere Wee, wéi d’Kulturministesch Maggy Nagel an hirer Interventioun präziséiert huet, nämlech iwwert de Wee vun enger direkter Hëllef.

Déi direkt Subventionéierung, esou de Claude Adam vun deene Gréngen, huet op d’mannst an der Theorie de Virdeel, datt nach méi spezifesch no der Qualitéit an nom Standuert Lëtzebuerg gekuckt gëtt, präziséiert awer och, datt d’Hëllef weider op international Cooperatioune muss ausgeriicht a mat ähnlechen Hëllefen am Ausland muss ze vergläiche sinn.

Wéi e Projet mat wéi vill Suen ënnerstëtzt gëtt, decidéiert e Comité de sélection, dee geschafe gëtt. De Justin Turpel vun déi Lénk huet ze bedenke ginn, datt duerch dëst neit Gesetz elo all Joers muss driwwer diskutéiert ginn, wéi vill Suen d’Filmindustrie kritt.

D’ADR huet d’Gesetz net matgestëmmt. De Roy Reding fuerdert ënnert anerem, e qualitativen Audit fir ze kucken wéi vill vun deene 550 Filmer, déi an de leschte 25 Joer zu Lëtzebuerg produzéiert goufen Succès haten, respektiv wéi vill der fir den Tirang waren. Donieft huet en d’Fro opgeworf, ob de Film net am Verglach mat anere Sekteren iwwerdotéiert ass.

Comments

comments

No responses yet

Comments are closed at this time.

Trackback URI |