May 14 2011

“D’Schatzritter”: D’Alexandra Neldel spillt d’Melusina

Published by at 01:02 under Articles

D’Schatzritter si frou d’Alexandra Neldel fir d’Roll vum Melusina gewonnen ze hunn. D’Schauspillerin huet d’Lisa an der Soap “Verliebt in Berlin” gespillt.

D’Schatzritter – An d’Geheimnis vum Melusina,
ass e grousse Lëtzebuerger Kannerfilm deen am Summer 2011 gedréint gëtt.

De Film, dee mat der Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Filmfong entsteet, gëtt realiséiert vum Laura Schroeder a produzéiert vum Bernard Michaux.

Fir dësen Abenteuer- Film, dee sech ëm eng Clique vu 4 Kanner dréint, déi dem Schatz vun der Melusina op der Spuer sinn, hat Lucil Film e grousse Kanner-Casting organiséiert fir d’Haaptrollen am Film z’interpretéieren.
Während 2 Wochen am Januar waren esouguer eng 700 Kanner gecast ginn, déi sech nom Opruff vu Lucil Film gemellt haten.

D’Schatzritter.

Elo gouf och bekannt datt déi Däitsch Schauspillerin Alexandra Neldel, d’Roll vum Melusina iwwerhëlt.

D’Alexandra Neldel ass bekannt fir hir Roll vum Lisa an der Sat1-Soap “Verliebt in Berlin” oder fir déi vum Katja Wettstein an der Serie “Gute Zeiten, schlechte Zeiten”.

Lisa Plenske, alias Alexandra Neldel.

Ëm wat geet et am Film?

De Jeff huet 11 Joer a muss mat der Hëllef vu senge Frënn Leo, Julie a Killer d’Buerg vun senger verstuerwener Mamm virum Verkaf retten. Dobäi steet him awer net nëmme säi Papp am Wee, deen him am léifsten Alles verbidde géif, mä och nach déi geféierlech Geselle vum Duc de Barry, deen dem Papp d’Buerg ofkafe wëll. An dann ass do och nach dat schéint Melanie, wat dem Jeff sengem Papp de Kapp verdréint huet, mä och e Geheimnis verstoppt.

Wat fir ee Gléck dat et Summer ass, an dat dem Jeff seng Band, d’Schatzritter, wéi all Joer an dësem Duerf hire Summer verbréngt. Wou si op en Hiweis op de Schatz vum Melusina stoussen dee méi wéi 1000 Joer al ass, do geet fir d’Schatzritter eng grouss a geféierlech Aventure un. D’Melusina war dem Grof Sigi, deen d’Stad Lëtzebuerg gebaut huet, seng Fra. Elo steet nieft dem Undenken un dem Jeff seng Mamm, och d’Lieblingsspillplaz vun der Band hirer Kandheet, d’Buerg um Spill. Wou de Jeff bis erausfënnt dat hien en Nokomme vum Sigi ass, gëtt d’Legend vum Melusina méi aktuell wéi eh a je. Och den Duc de Barry schéngt wäit méi ze sinn, wei en einfache Keefer.

Eng gewote Schatzsuche géint d’Zäit, voller riskanter Prüfungen, déi all eenzelnen u seng Grenze bréngt, fänkt un.

D’Juegt féiert duerch Kathedralen, Muséen, Flëss a Bëscher – eng phantastesch Geschicht iwwer Vertrauen a Fräiraum, iwwer Frëndschaft a Kandheet.

Weider Infoe fannt Dir och ënner www.schatzritter.lu.

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply