Nov 25 2008

inTHIERRYview Avant-Première

Published by at 02:08 under Blackboard,Screening Room

Haut den Owend, 25. November um 19:00 Auer, ass am Utopolis um Kierchbierg d’Première vun inTHIERRYview, den neien Film vum Andy Bausch. Avant-première en collaboration avec Eldoradio et RTL – en présence de Thierry van Werveke.

Den Donneschten, 27. November um 20h30, fennt dann am Diddelenger CinéStarlight eng Avant-Première Publique, och en presence vun der Equipe, reserveieren kann een seng Plaatzen iwert den Telefon 52 24 24-1 oder per mail communication@cna.etat.lu

SOURCE: www.rtl.lu

Hie woar op der Leinwand mam Isabelle Huppert, Eddie Constantine, Götz George, Burt Reynolds, Béatrice Dalle, Til Schweiger, Thierry Frémont, Moritz Bleibtreu, Mario Adorf, Dominique Horwitz, Hannelore Elsner, Dietmar Schönherr, Udo Kier, Birol Uenel, Katharina Thalbach, Christine Kaufmann, Daniel Brühl, Denis Lavant, Heike Makatsch, Peter Lohmeyer, Ivan Desny, Jürgen Vogel, Martin Semmelrogge, Désirée Nosbusch, André Jung, Manfred Zapatka, Richy Müller, Dieter Pfaff, Rüdiger Vogler a.v.a.

Dat beäntwert vläicht schon emol zum Deel d´Fro, firwat een e Film iwwert den Thierry mécht. Dobäi koum de Gesondheetszoustand vum Thierry, deen Ufank 2008 immens kritesch war, an deen den Zäitpunkt vum Film natierlech op eng dramatesch Manéier matbestëmmt huet. A watfir e Réalisateur kennt den Thierry besser wéi den Andy Bausch, deen hien zënter 1979 an all senge Filmer besat huet, meeschtens an der Haaptroll. Also méi wéi just eng professionell Relatioun, déi di zwee verbënnt, éischter eng Männerfrëndschaft, déi geschwënn hir 30 Joer feiert. Tëschent deenen 2 gët kee Blad méi virun de Mond geholl. Si fäerte weder sech d´Wourecht ze soen, nach Kritik auszeüben.

Niewent senger Carrière a Film, Musik an Theater schwätzt den Thierry och iwwert seng Kandheet zu Genf, seng Drogenofhängegkeet als 18jähregen, säin Job als Läichewäscher, als Garçon am « Café du Centre », seng Zäit als éischte « Punk » vu Lëtzebuerg, säin

Alkoholismus asw… An natierlech kommen och Kolleege, Frënn a Weggefährten vum Thierry zu Wuert: Til Schweiger, Sascha Ley, Michael Haneke, Moritz Bleibtreu, Frank Hoffmann, Frank Feitler, Bukelt Alakus, Pipo Petro, Claude Bertemes, Danielle Igniti… a.v.a.

E perséinleche Film iwwert den „Thierry National“ alias „Johnny Chicago“, dee viru kuerzem seng 50 Joer gefeiert huet, oder: „Tout ce que vous avez toujours voulu savoir sur Thierry sans oser le lui demander“.

De Film kënnt Dir vum 28ten November un an all Kino hei am Land kucken!

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply