Dec 22 2010

Minister François Biltgen’s speech

Published by at 12:44 under Articles,Blackboard

SOURCE: Film Fund Luxembourg/Minister for Communications, François Biltgen

Altesse Royale,
Här Chamberspresident,
Här Hofmarschall,
Léiw Kollegin a Mat-Responsabel vum Filmfong, Octavie Modert,
Excellences, chers amis,…net nëmmen, mee och:
„léif Lëtzebuerger“!

No der „Hochzaitsnuecht“ en „Congé fir e Mord“ unzefroe fir sech dann „Three shake a leg steps to heaven“ erëm ze fannen dat gëtt et nëmmen an der lëtzebuerger Filmwelt. Eng Filmwelt déi et och virum Filmfong gouf et ginn och haut Filmer ouni Filmfong.

Dass et de Filmfong gëtt huet och domat ze dinn dass mer „Troublemakeren“ hate virdun. Zu Diddeleng, zu Dikrech a soss anzwuesch, déi sech ënnert engem uerdentlech Filmfong natierlech nëmmen „Trouble no more“ virstelle kënnen. Trotzdem, an dat wëssen d’Leit vum Filmfong, sinn all Filmproduzenten all Dag „Back in trouble“.

Mee trotzdem léif Filmschaffend, o „Mumm sweet Mumm“, wa mer zréck kucke virun Zäite vum Filmfong, dat sinn dach haut „Legends of dark ages“ an d’Problemer vun haut ganz kleng „Petites misères“.

Natierlech hu mer dee Filmfong net sou einfach aus dem „Schako Klak“ erausgezunn. „Im Anfang war der Blick“, vun, wéi kann et aneschters sinn, wäitsichtege Politiker. Wéi z.B. den „homme au cigare“, de Jacques Santer, keen „falschen Hond“. Dee gehofft huet, dass dann am Ausland wann u Lëtzebuerg geduecht gëtt net nëmme géif un d’„crise dans le secteur bancaire“ geduecht ginn.

Haut hu mer Lëtzebuerg, wat net méi en „X on the map“ ass, mä wat e Stär op der „Mappamundi“ ginn ass. An obwuel ee mat 6,5 Milliounen Euro Dotatioun d’Joer net ëmmer den „plein d’essence“ maache kann, ass et awer esou dass munch Film seng „part dans le ciel“ erobert huet, am Häerz vun den Zuschauer, an de Präisser vun de Juryen. Natierlech, och dat wäert an Zukunft net aneschtes sinn, an dat ass eng Saach vu Risiko och, ginn et och Filmer déi séier „Ex und Hopp“ sinn, anerer déi een am „Dust“ net gesäit, Dréibicher déi sech an engem „secret passage“ veriren.

Mä wa mer kucke wat mer alles realiséiert hun vu Filmer an deene Joeren, da musse mer soen, de lëtzebuerger Film ass räichhalteg.

Fantasie: wann de „Rénert“ zesumme mam „Renart le renard“ de „Kirikou an seng Sorcière“ op der „Freccia Azzurra“ begéint, ouni dass den „Bob an d’Bobette“ eng „panique au village“ ausléisen, kënne mer nëmmen dreemen!

An de lëtzebuerger Film geet och op schwiereg Sujeten erun: ob den „Illégal“ an der „Weilerbaach“, oder den „Réfractaire“ deen „der neunte Tag“ net „Heim ins Reich“ wëll. A „brong Puppelcher“ hunn ech net nëmme gesinn „wéi ech am Congo war“. An zu Lëtzebuerg fält eng “liaison pornographique“ net ënnert den „carré blanc“ a verschwent och net in „a dark place“.

De lëtzebuerger Film huet staark Charakteren ervir bruecht, vum „Tour de France“ iwwer den „Tour de force“ zu „Musketeer“ an den „Merchand of Venice“. An trotzdem ass eis Filmwelt net nëmmen en „House of boys” “…on the run“. Mir hunn e staarken “Dammentour” a et sinn der net nëmmen „eight and a half“. Op elo d’“femme de Gilles“ och en „Girl with a pearl earring“ ass oder op d’“Irina Palm“ ëmmer dovunner gedreemt huet “être une sainte“ ze sinn, dat weess ech net. Mä et ware keng „Räuberinnen“.

A wann eppes mir besonnesch ëmmer Spaass mécht hei zu Lëtzebuerg mam Filmfong, dann ass et dass mëttlerweil gutt 600 Leit vun dem Lëtzebuerger Film kënne liewen. Jo, eis Filmschaffend brauche keen „club des Chômeurs“ ze grënnen. An d‘„Revanche“ sinn se och am gaangen ze huelen, si ginn ëmmer méi am Ausland gefrot.

Natierlech musse mer och an Zukunft, an deenen nächsten 20 Joeren un eisen Instrumentarie bastelen, schaffen.

Mir wëlle méi einheimesche Schauspiller eng echt „Entrée d’artistes“ bidden. An ech hoffen dass an Zukunft hannert all „Inthierryview“ sech op t’mannst 24 „Portaits“ vun aneren „Artiste“ erëm fannen.

Natierlech wëlle mer och d‘Scriptleit méi ënnerstëtzen. Mir brauche méi flott gutt Dréibicher. Op déi elo op „Perl oder Pica“ geschriwwe sinn, dat ass eis och egal.

Mä mer solle weider fueren „sur la fameuse route“, a mir solle weider dreeme vun „Nuits d’Arabie“ a vun „Tausend Ozeane“.

Natierlech, léif Filmschaffend, frot Dir Iech dann, majo wäert dann den „Luki“ Frieden och an de nächste Joeren d’“kees opmaachen an d’Klacken eraus réckelen“. Ech mengen ech kann Iech berouegen! Wéi all Lëtzebuerger Finanzminister an der Vergaangenheet, wéi all Lëtzebuerger Kultur a Medienminister an der Vergaangenheet, ass et eigentlech nëmmen en „sanfte Rebell“.

An dofir wëllen déi „2 vum Bierg“, de Fränz vum Nossbierg an d’Octavie vum Greiweldenger Knapp, mol hire Kollegen a Regierung a Chamber Merci soe fir déi Ënnerstëtzung vun der Vergaangenheet a virun allem fir déi vun der Zukunft.

Mir wëllen awer haut den Owend besonnesch deene Merci soen, déi ronderëm de Guy Daleiden am Filmfong geschafft hunn, déi fir de Filmfong geschafft hunn, an alle Gremien ënnert dem President Jean-Paul Zens, a virun allem zu gudder lescht Iech Filmschaffend déi mam Filmfong geschafft hunn.

Loosst eis och an deenen nächsten 20 Joer dreeme kräischen, laachen, sangen, sprangen a feieren. An dat solle mer elo maachen, an obwuel ech nach honnerten Zitater am Kapp hunn ass et elo drun endlech den Owend ze feieren.

„ A WOPBOPALOOBOP A LOPBAMBOOM”

Merci. Schéinen Owend!

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply