Dec 13 2009

Perl oder Pica – Eng Chronik

Published by at 01:31 under Blackboard

De Centre Culturel vun Déifferdeng publizéiert als éischten Titel vun enger neier Série – der Galerie-DOK – dem Jhemp Hoscheit seng Chronik, déi hien iwwert den Tournage vum Film «Perl oder Pica» geschriwwen huet.

Perl oder Pica

Vum Buch zum Film

Eng Chronik

(1996-2006)

Wéi aus engem lëtzebuerger Roman e lëtzebuerger Film gëtt…

An der Form vun engem Tagebuch erzielt den Auteur, wéi aus sengem lëtzebuerger Roman, deen 1998 fir d’éischt publizéiert gouf, e lëtzebuerger Film gëtt. Et ass eng ausféierlech an ofwiesslungsräich Dokumentatioun, déi sech iwwer zéng Joer zitt – vun der éischter Zeil vum Roman (1996) bis zu der Avant-Première vum Film (12. 10. 2006).

Den Auteur beschreift, wéi de Roman entsteet, wéi den Scénario ausgeschafft gouf a wéi de Film, Schrëtt fir Schrëtt, realiséiert gëtt. Déi aachtandrësseg Deeg, déi den Tournage gedauert huet, gi mat de filmtechneschen Aspekter, de schauspilleresche Prestatiounen  an den eenzelnen Aarbechten um Set dokumentéiert: Camera, Toun, Décor, Kostüm, Accessoiren, Luten, Maquillage, Technik, Casting, Special Effects,  asw. Nom Tournage ginn déi verschidden Etappe bis zum fäerdege Film dokumentéiert: vun der Postproduktioun, dem Montage an dem Enregistrement vun der Filmmusek.

D’Chronik ass wéi e Reportage iwwert d’Schreiwen an och e ganz perséinleche Bléck an d’lëtzebuerger Filmwelt.

D’Chronik gouf als Galerie-DOK 1 vun den Editions du Centre Culturel de Differdange publizéiert (ISSN: 2076-8060). De Präis ass 15 €. D’Buch huet 215 Säiten mat Photoen an Dokumenter.

Et kann een d’Chronik bestellen, wann een 15 € op den CCPLLULL

LU03 1111 0389 8184 0000 vum CCD iwwerweist. Et kritt een s’och an de Librairien, an der Imprimerie Kremer-Muller& Cie zu Esch oder beim Auteur selwer.

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply