Mar 04 2014

Ovatioun fir de Schauspiller bei der Filmpremière

Published by at 01:32 under Deal Production,Discovery Zone

SOURCE: http://www.rtl.lu/kultur

Am Kader vum Discovery Filmfestival, war e Sonndeg déi ganz emouvant Première vum Désirée Nosbuch hirem Documentaire iwwert de Fernand Fox.

Wéi all Joers gëtt et och bei der 4. Editioun vum “Discovery Zone Luxembourg City Film Festival” eng ganz Rëtsch Lëtzebuerger Produktiounen. Dorënner den Documentaire “Succès Fou(x) … well de Foxe Fern spillt natierlech och mat!”. De Film vum Désirée Nosbusch hat e Sonndeg den Owend am Utopolis Première.

An dat mat villen Emotiounen: de Fernand Fox, deen de Film e Sonndeg den Owend déi éischte Kéier gesinn huet, war méi wéi geréiert an de Sall ass nom Film opgestanen an huet minuttelaang geklappt.

Viru genee 2 Joer um Filmpräis huet d’Désirée Nosbusch de Schauspiller gefrot, ob hie keng Loscht hätt, dat si géingen e Film iwwert hien dréinen. Esou ass dat Ganzt un d’Rulle komm. Dunn hunn de Marc Limpach an d’Désirée Nosbusch d’Dréibuch geschriwwen a si hu sech op de Wee gemaach, fir all déi Compagnons de Route vum Fernand Fox ze interviewen.

Déi meescht Leit kennen de Schauspiller jo aus Revue-Zäiten oder aus de Reklammen, a genee dat Bild wëll de Film revidéieren. No sengen Zäite mat de Reklammen an de Sketcher um Hei Elei huet de Fernand Fox ugefaangen am Kasemattemntheater ënner der Leedung vum Tun Deutsch “eechten”, “professionnellen” Theater ze spillen an dat huet e gemat bis virun e puer Joer wou en der Bühn Äddi gesot huet.

En Hommage un de Schauspiller a Mënsch Fernand Fox, dat wollt d’Regisseurin jiddefalls, an hire Film ass a gewësser Aart a Weis och e Kaddo fir dem Schauspiller säin 80. Gebuertsdag, deen e jo am Januar gefeiert huet. Mä doriwwer eraus ass et awer och d’Geschicht vum Lëtzebuerger Theater.

De Film ass en emouvanten Documentaire iwwert de Fernand Fox, säi Liewen, säi Liewenspartner, seng Carrière als Schauspiller… alles dat wat de Mënsch ausmécht. Mat immens ville Leit, déi Anekdoten erzielen, dacks fir ze laachen. Intelligent gemaach…. e Film “à l’image” vum Foxe Fern, dat heescht lues, voller Humor, bescheiden an authentesch.

Comments

comments

No responses yet

Comments are closed at this time.

Trackback URI |