Feb 05 2014

Discovery Zone: Prestigiéis international Jury a Selektioun presentéiert

Published by at 17:17 under Discovery Zone

SOURCE: http://www.rtl.lu

De Lëtzebuerger Filmfestival geet vum 28. Februar bis den 9. Mäerz. Julie Gayet, Emily Atef, Frank Hoffmann, Clémence Poésy a Lucinda Syson an der Jury.

De Lëtzebuerger Filmfestival geet schonn a seng 4. Editioun an de Succès wiisst däitlech vu Joer zu Joer. 2013 war en nach besser besicht wéi déi Jore virdrun: 11.500 Spectateuren am Kino, géint 8.000 am Joer 2011. Alles an allem hunn un de Manifestatiounen iwwer 14.500 Leit deelgeholl, géint 11.000 d’Joer virdrun.

Um Mëttwoch de Moie goufen op enger Pressekonferenz, d’Detailer vun der Editioun 2014 presentéiert a Präsenz vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer a vun der Kulturministesch Maggy Nagel.

Den 28. Februar ass also de Startschoss. Gewise ginn d’Filmer an der Cinemathéik, am Utopia an Utopolis, souwéi am Cercle Cité.

De Festival setzt op 4 grouss Axen: International Filmer, Lëtzebuerger Produktiounen, Documentairen a Virstellunge fir de jonke Public.

Am ganze sinn et eng 100 Projektiounen, Atelieren a Konferenzen, dat Ganzt iwwer 10 Deeg. De Cru 2014 versprécht schonn elo nach méi interessant ze ginn, wéi dee vum leschte Joer.

Fir näischt ze verpassen ass et am beschten et keeft ee sech e elo schonn e Pass fir 20 Euro, deen engem den Accès op all d’Evenementer vum Festival gëtt.

Fir d’Fiktiounsfilmer gëtt et jo nees eng Competitioun mat internationaler Jury. Eng Selektioun vu Filmer sinn do an der Competitioun fir de “Grand Prix Discovery Zone”, dee mat 10.000 € dotéiert ass. Sou wéi schonn hei annoncéiert, gëtt déi franséisch Actrice Julie Gayet dëst Joer Presidentin vun der Jury.

Donieft sinn nach déi däitsch Realisatrice Emily Atef, den Direkter vum Theâtre National Frank Hoffmann, d’Schauspillerin Clémence Poésy an déi bekannt Casting-Directrice Lucinda Syson an der Jury.

Déi offiziell Selektioun

Bad Hair vum Mariana Rondón
Big Sur vum Michael Polish
Everyone’s Going to Die vum Jones
Harmony Lessons vum Emir Baigazin
Her (Ouverturesfilm) vum Spike Jonze
Hide your Smiling Faces vum Daniel Patrick Carbone
Les Manuscrits ne brûlent pas vum Mohammad Rasoulof
Of Horses and Men vum Benedikt Erlingsson
Tom à la Ferme vum Xavier Nolan
Ugly vum Anurag Kashyap

2013 goung de “Grand-Prix” iwwregens un den israelesche Film “Fill the Void” a seng Realisatrice Rama Burshtein.

Nei och de “Prix du Documentaire” dee sengersäits mat 5.000 € dotéiert ass.

Happily Ever After
Is the Man Who Is Tall Happy? vum Michel Gondry
Let the Fire burn vum Jason Osder
Manakamana vum Stephanie Spray a Pacho Velez
Ne me quitte pas vum Sabine Lubbe Bakker an Niels van Koevorden
The Crash Reel vum Lucy Walkers
Web Junkie vum Hilla Medalia a Shosh Shlam

Ee vun den Highlights ass awer sécherlech, dass de Luc Dardenne, duebel Palme d’Or zu Cannes, eng Masterclass hale kënnt.

De weltbekannten an oscariséierte Realisateur a Scénarist Michel Gondry huet och seng Präsenz um Lëtzebuerger Filmfestival confirméiert.

Den 28. Februar um 16.30 Auer kënnt hien an d’Stater Cinémathèque säin neisten Documentaire “Is The Man Who Is Tall Happy?” perséinlech presentéieren.

Ënner anerem kënnt och de Jean-Marc Barr dem Michael Polish säi Film “Big Sur” presentéieren.

De Jugendprogramm gouf virun e puer Woche schonn devoiléiert. Wéi ëmmer, kënnen d’Schoulklasse sech fir déi eng oder aner Virstellung aschreiwen. D’Demanden dëst Joer sinn awer schonn explodéiert, mat schonn iwwer 4.300 Inscriptiounen.

Schüler a Studente kënnen net nëmmen d’Programmatioun jeune public kucken goen, mä si kënnen och an den Ateliere selwer kreativ ginn. Dat am Kader vun “Pitch Discovery” oder „Creme fraiche“, wou ee säin eegent Dréibuch schreiwe kann. Nei dëst Joer ass de “Prix du Jury Jeune”. Jonker vun iwwer 16 Joer konnte sech bis den 31. Januar aschreiwen an hire Liblingsfilm aus der Selektioun priméieren.

D’Buergermeeschtesch an d’Ministesch hunn iwwregens schonn hire Support fir eng nächst Editioun ugekënnegt.

Comments

comments

No responses yet

Comments are closed at this time.

Trackback URI |