Jan 29 2014

Michel Gondry den 28. Februar zu Lëtzebuerg

Published by at 12:11 under Discovery Zone

SOURCE: http://www.rtl.lu

De weltbekannten an oscariséierte Realisateur a Scénarist Michel Gondry huet seng Präsenz um Lëtzebuerger Filmfestival confirméiert.

Den 28. Februar um 16.30 Auer kënnt hien an d’Stater Cinémathèque säin neisten Documentaire “Is The Man Who Is Tall Happy?” perséinlech presentéieren.

De Michel Gondry ass net nëmme fir seng Filmer bekannt, mä awer och fir seng Publicitéiten an innovativ Musekvideoen, fir Artiste wéi Björk, The Chemical Brothers, Daft Punk, Radiohead oder Massive Attack.

De Film “Human Nature” war 2001 dem Gondry säin éischte Long-Métrage.

Fir “Eternal Sunshine of the Spotless Mind” krut hien 2005 en Oscar.

Méi rezent huet e ganz ënnerschiddlech Filmer inszenéiert, wéi z.B. “The Green Hornet” mam Seth Rogen a Christoph Waltz oder “L’Ecume des Jours” mam Roman Duris an Audrey Tautou.

Am “Is The Man Who Is Tall Happy?” interviewt hien de Philosoph a Sproochefuerscher Noam Chomskys a geet dës Kéier an d’Richtung vum animéierten Documentaire.

D’Seance ass public, mä den Detail, wéi ee sech aschreiwe kann, gëtt eréischt de 5. Februar op der Pressekonferenz bekannt.

Comments

comments

No responses yet

Comments are closed at this time.

Trackback URI |