Aug 26 2011
De Crazy Cinématographe op der Schueberfouer
SOURCE: http://kultur.rtl.lu/kulturpur/news/123791.html
Zanter 2007 gehéiert de Crazy Cinématographe zum Programm vun der Schueberfouer. Eng Attraktioun déi eis Joer fir Joer an d’Kandheet vum Kino entféiert.

Links
De Crazy Cinématographe gëtt eis d’Méiglechkeet, de Kino esou z’entdecken wéi eis Grouss, respektiv Urgrousselteren de Kino kannt hunn. An dat bis an dee leschten Detail.
Bonimenteuren déi de Public an de Fouerkino lackele sollen, ee Pianist, deen de Stommfilm live begleet an natierlech d’Commentaire vun de Bonimenteuren. An där halwer Stonn wou een am Fouerkino setzt, huet een d’Gefill et hätt een eng Zäitrees un den Ufank vum leschte Jorhonnert gemaach.
D’Highlights vun dësem Joer sinn ënnert anerem den ‘éischte Blockbuster vun der Filmgeschicht “Le Voyage à travers l’impossible”, d’Ciné-Fanfare “Crazy Chirurgie 1900” an als besonnesch Attraktioun eng Show mam Numm “Crazy Luxembourg 1900”, an där keen anere wéi de Max Kuborn eis déi éischten, erhalen Dokumentarbiller iwwert Lëtzebuerg an der Belle Époque wéisst.
Comments