Mar 11 2012

Verhéier

Published by at 01:00 under Events & Projects

SOURCE: http://www.podium.lu

Verhéier ass e Kuerzfilm mat enger Längt vu 5 Minutten a 15 Sekonnen, dee vun Transrent a Pyrrhus Movie productions produzéiert gouf. Die initial Iddie hannert dem Projet war e Kamera-test. Transrent, spezialiséiert op RED Kameraen, wollt e Low-light Test Owes mam Serge Benassutti an der Staat organiséieren. Als Réalisateur war ech invitéiert an hu proposéiert fir den Tester ee sënnvolle Kontext ze ginn. Doraus ass d’Iddie vun engem Typ entstanen dee plakesch Owes duerch d’Staat leeft. Mam Philippe Raïssis zesummen hu mir e Skript geschriwwen, fir z’erklären wéi et dozou komm war. Well kee Schauspiller kuerzfristeg ze fannen war, warscheinlech well et -5 Grad dobausse waren, huet de Réalisateur matt sénger brillianter Iddie misse selwer duerhalen.

Fir den Dréih vun de Bannen-szenen sollt eng Persoun als Folterer hier, déi “la gueule de l’emploi” huet. De Georges Nixon gouf vum Colleen Blake viirgeschloen. Hien huet bereedwëlleg matgemacht a mir wäerten eis alleguer matt liichtem Onwuelgefill u sei Wonsch erënneren fir eng Black&Decker anzesetzen.

Sou limitéiert de Serge bei den Aussenopnahme war well keng zousätzlech Luucht duerft benotzt ginn, sou konnt hien bei de Bannenopnahmen dem Film sou richteg sei visuelle Styl opsetzen.

Den Dréih huet 2 1/2 Daag gedauert, mat engem zousätzlechen Daag am Koma fir de Schauspiller. D’Waasser war, fir d’Situatioun sou authemtesch wéi méiglech duerzestellen, kaal gehale ginn. D’Temperatur am Keller war och net wierklech schuckeleg.

Fir d’Musik war eng speziell Ambiance gesicht ginn. No langer Sich zu Lëtzebuerg, iwwer Israel an Amerika hu mir de Fabian Semal vu Bréissel fonnt. Hien haat d’Stëmmung direkt richteg geroden mat sénger Mëschung aus Piano an Elektro Rythmik.

Schauspiller: Michel Tereba, Georges Edward Nixon, MendalEquipp:
Réalisateur: Michel Tereba
Skript: Philippe Raïssis a Michel Tereba
DoP: Serge Benassutti
Data Wrangler: Nico Franck
Kamera Assistent: Raoul Schmitz
Hond Meeschter: Ray Hoffmann
Toun Ingénieur an Tounschnëtt: Cordell C. Monson
Musik: Fabian Semal (B)
Catering: Cordula Bidoli
Produktiounsassistent: Yves Robert Schaaf
Montage: Michel Tereba
Casting: Colleen Blake

Gedréiht gouf op der RED ONE MX Kamera. Den Toun gouf mat enger Cantar X-2 opgeholl.
Eng Produktioun vun Transrent a Pyrrhus Movie productions © Lëtzebuerg 2012

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply