Nov 16 2009

Vote fir de Lëtzebuerger Filmprais

Published by at 15:12 under Events & Projects

SOURCE: http://kultur.rtl.lu/kino/filmprais/voting/

De 4. Dezember ginn nees déi Lëtzebuerger Acteuren aus der Filmwelt belount, déi an de leschten 2 Joer mat hire Leeschtunge konnte begeeschteren. De Lëtzebuerger Filmpräis geet dëst Joer schonns an déi 4. Ronn. 53 Filmer sinn an der Kompetitioun a ronn 100 Leit aus der Filmwelt triede géintenaner un, fir d’Präisser vun der beschter artistescher, respektiv technescher Contributioun. D’Filmer, déi dëst Joer an der Kompetitioun sinn, goufen an 8 Kategorien agedeelt. An dat sinn: Court-métrage, Coproduction, Documentaire, Fiction, Animation, Meilleure contribution artistique, Meilleure contribution technique an awer och de Prix du public.

Elo kënnt Dir nämlech tëscht deene 4 Filmer, déi déi lescht 24 Méint déi meescht Entréeën am Kino gemaach hunn, Äre Favorit wielen.

Stëmmt elo mat of a gewannt Plazen fir de 4. Dezember och kënnen dobäi ze sinn. Dir hutt bis zu 6 Stëmmen ze gudd!

Comments

comments

2 responses so far

2 Responses to “Vote fir de Lëtzebuerger Filmprais”

  1. Irgendwéion 16 Nov 2009 at 15:21

    Irgendwéi eng komesch Selektioun fir dëss Categorie.
    Et ass jo mool gudd dat Nuits d’arabie nach dobai ass, obwuel deen schn am FIlmprais 2007 dobai woar. Dat heescht dat House of Boys, Réfractaire an Dust och nach eng Chance 2011 hun.
    Mee wéisou dëss 4 Filmer an der Selektioun ?
    RTL no sinn et déi “déi déi lescht 24 Méint déi meescht Entréeën am Kino gemaach hunn”.
    Jo mee wat ass mat Filmer wéi JCVD, oder Ne te retourne pas. Déi hun dach bestemmt méi Zuschauer gehaat wéi nemmen 9000 (Léif Lëtzebuerger) an Europa. (An d’Argument dat et Coproduktiounen sinn zielt net, well Léif Lëtzebuerger ass vun engem auslänneschen Réalisateur an et ass och eng Coproduktioun.)
    Ok wat also gemooss gëtt sinn nëmmen d’Entreen zu Lëtzebuerg. Mee maachen d’Réalisateuren nëmmen Filmer fir Letzebuerg, sougenannten (Zitat F. Biltgen) Kachkéis- Bounneschlupp Filmer ?

    An et ass och Schued dat een nemmen op rtl.lu kaan oofstemmen, nodeem een sech bei rtl.lu ugemellt huet… Oder huet nach een eng aaner méiglechkeet fonnt oofzestemmen ?

  2. adminon 17 Nov 2009 at 09:17

    Et kann een och ouni Umeldung hei oofstëmmen:
    http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/56234/waehlen-sie-den-publikumspreis.php

    D’Wort woar nemmen en bësien méi spéit un ewéi rtl.lu

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply