Mar 30 2011

CARAMBA – BACKSTAGE

Published by at 01:05 under Articles,Misc. Luxembourg

SOURCE: http://caramba.lu

9 FROEN UN den… Olivier Koos (Kameramann an Filmpassionéiert)

1. Waat war dain éischten Kino a wéie Film warsde kuken?
Ech kann mech un deen éischten net méi erenneren, well ech Filmer gekukt hun, seit ech denken kann. Wahrscheinlech den ET, dee war super schéin gefilmt. Et war eng märchenhaft Geschicht, déi mech einfach matgezunn huet.

2. Ween huet dech beaflosst?
D’Biller vum Vittorio Storaro hu mech op jidfefall esthetesch immens beaflosst.Hien huet Filmer gedréit wéi The Last Emperor an natierlech Apocalypse Now.

3. Waat sin déng Lieblingsfilmer?
Ee vu ménge Lieblingsfilmer as den Léon vum Luc Besson. Ech hu Geschichte gaer, déi keng schwaarzwäiss Molerei maachen, mee domat spillen. Et geet do ëm e Meedchen,
waat séng Famill verluer huet an säin Noper as e professionnellen Serienkiller. Heen as eigentlech den Held an der Geschicht, well hien dem Meedchen hëllefen wëll. Am Documentaire hun den Micheal Glovoga an den Werner Herzog mech beaflosst. Déi hun e speziellen Stil fir ë Film ze zielen.
De Glovoga, deen seng Geschichten op extrem esthetesch Art a Weis erzielt. Den Herzog dén seng Geschicht während dem Dréi fënnt. Aner gudd Filmer sin gemaach gin vum Wim Wenders, dem Stanley Kubrick oder dem Barry Lyndon, dee mat engem speziellen Objectiv gedréit huet, waat ën vun der Nasa geschenkt kritt huet. Dat sinn epesch Biller gin!

4. Wat bedeit Kino fir dech?
Kino as eng Plaatz wou der eng aner Welt gewise gëtt. Eng Plaatz, wou der eppes gewise gëtt, wat dech ë bessen aus dem Alldag rappe soll oder der däin Alldag soll ënnert engem aneren Gesiichtspunkt weisen. Et as awer och eng Méiglechkeet an eng aner Welt anzetauchen. An als Dréibuchauthor kannsde eng eegen
Welt kreéieren.

5. Wat as d’Feierblumm genau?
Feierblumm as en Amateur-Club, deen immens grouss gin as. Et handelt sech haaptsächlech ëm jonk Leit, déi filmpassionnéiert sin an en immens professionnellen Niveau erreecht hun. Et sin mëttlerweil och vill Feierblumm-Memberen, déi professionnell gi sin respektiv Professionneller, déi Feierblumm bäigetrueden
sin. Et as alles genau strukturéiert, et as net einfach en Frëndeskrees, deen Filmer dréiht. Sou as eng immens professionnell Atmosphär um Set.
Op daer anerer Säit si mer all Kolleegen an dohier as alles immens heemlech an näischt gezwongen. Jidfreen as do, well et säin Hobby as. Mer maachen Filmer sou gudd wéi mer kënnen, mee mer vergiessen nie, dass et ëm de Spaass geet. Ech sin seit 2008 dabäi, wou mer Heemwéih gedréiht hun. Mer haaten
23.000 Euro Budget fir deen ze dréien. Et geet ëm zwangsrekrutéiert Lëtzebuerger, em d’Bedeitung vun Heem.

6.Wat sin déng perséinlech zieler?
Méng perséinlech Zieler sin, mech weider z’etabléieren als Kameramann, an dat nët nëmmen zu Lëtzebuerg. Ech sin ëmmer beduecht bei all Projet eppes spezielles ze fannen, waat hëlleft d’Geschicht op eng nei Art a Weis ze erzielen. Ech probéieren artistesch an technesch gesin iwwer den Tellerrand erauszekuken. Ech well Projeten maachen, déi gekukt gin an visuell positiv opfalen, dofir maachen ech Kino.

7. Wéi gesais du als jonken déi lëtzebuergesch Filmszeen?
Wann een berücksichtegt, wéi kleng eist Ländchen ass, muss een awer zouginn, dass hei an der lëtzebuergescher Filmszeen vill lass ass. Mir hun vill Filmfirmen, vun Lokatioun, Produktioun, Postproduktioun, Distrubutioun ass hei ass en ganzen Koup ze fannen. Mer hun Studioen am CNA, zu Contern, an et gin der anscheinend nach zu Diddléng gebaut. Et gin immens vill Produktiounen an Coproduktiounen vun héigen Niveau gemaach, an ménger Meenung geet den Niveau
vun Joër zu Joër erop, an Lëtzebuerg kritt sech ëmmer méi op dem internationalem Marché positiv mat gudden Filmer représentéiert. Ech haat e Concours organiséiert, an deem et 2000 euro Budget, 122m 35mm Film, eng Kamera an e puer Luuchten fier een Dréidag ze gewannen gouf. De Sacha Bachim huet deen
dun gewonnen. Maër hun dee Film an engem Dag gedréit, One Shot, One Take. Et as näischt zweemol gedréit gin, maer hun metergenau gedréit, well mer nëmmen eng Filmrull haaten. Sou ass den Film Gänseblümchen entstaanen, deen kierzlech am Cine-Belval seng Première gefeiert huet. Wann ech keng Dommheet soën, dierft dëst iwwregens och hei a Lëtzebuerg deen éischten Amateurfilm sinn, deen am 35mm Format gedréit gin as. Fier dëst Joër hun nech nach e puer Projeten an den USA geplangt, dofun een Medium Format Film an NY an eventuell een Feature Doku am Tennessee. Ech hun op engem vun den leschten Tournagen den Tom
Stern, dem Clint Eastwood sai Kameramann, kennegeléiert . Maër si gudd Frënn gin an hu regelméissegen Kontakt mateneen. Heen as eng Art Mentor fir mech ginn. En huet mech lo agelueden fir bei séngem nächsten Clint Eastwood Film dobäi ze sin an ëm bëssen iwwer d’Schëller ze kuken. Ech gesin daat als riesen Chance!

8. Waat mëchs de fir dech ze entspaanen, wat sin deng Hobbyen?
Film as nët nemmen mäin Beruff, mee och mäin Hobby, genau wéi Photographie. Ech fannen, daat as e Medium, wat méi direkt as. Als Photograph bass de nämlech och Regisseur. Ech gin awer och ganz gaer tauchen an spillen Paintball. Dann ënnerhuelen ech och gaeren eppes mat Kolleegen a gi gäer op den Tour.

9 Géifs de och mol gaer eng Kéier firun der Kamera stoen?
Den TNL huet seit e puer Joër een Jugendtheater, an während ménger Lycéeszäit hun ech mech och do engagéiert. Mee ech mengen, ech sin hannert der Kamera besser opgehuewen.

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply