Jun 17 2007
Clipstar Verleihung
Clipstar huet den 9. Juni hier Praisser verdeelt.
Clipstar ass en Concours fir lëtzebuerger Amateurfilmer deen dëst Joer fir d’éischte Kéier zu Iechternach vun Schüler aus dem Iechternacher Lycée verdeelt gouf.

Gewonnen hun:
Kategorie Drama/Thriller/Action: “Mona” vun KML Productions
Kategorie Dokumentatioun: “Déi radikal Borschten mam rouden Fändel” vun der IIe Option Audiovisuelle LCD
Kategorie Comedy: “Something about Pizza” vum Olivier Koos
Kategorie Minispots: “Super Mario” vun KML Productions
Comments
Clipstar huet den 9. Juni hier Praisser verdeelt.
Clipstar ass en Concours fir lëtzebuerger Amateurfilmer deen dëst Joer fir d’éischte Kéier zu Iechternach vun Schüler aus dem Iechternacher Lycée verdeelt gouf.

Gewonnen hun:
Kategorie Drama/Thriller/Action: “Mona” vun KML Productions
Kategorie Dokumentatioun: “Déi radikal Borschten mam rouden Fändel” vun der IIe Option Audiovisuelle LCD
Kategorie Comedy: “Something about Pizza” vum Olivier Koos
Kategorie Minispots: “Super Mario” vun KML Productions


Clipstar Analyse
10Jun07
SOURCE: http://pianocktail.wordpress.com
Gëschter war Clipstar, de Kuerzfilmconcours, deen ech scho mol erwähnt hunn. Als éischt mol e grousst Luew un all déi, déi sech d’Méi gemaach hunn, eppes ze produzéiren. Hei eng kuerz Analyse vun deem wat ze gesi war.
Action/Drama
* Mona: E Film a schwaarz/wäiss mam zentralen Thema Kannermëssbrauch. Alles an allem verstéirend a beklemmend, also genee dat, wat e wuel si sollt. Mee a méngen Aen huet e sou vu Bedeitung getrieft, dass et scho rem net méi ganz sou gutt war. D’Iddi war gutt, d’Thematik wichteg, mee d’Ausféirung war ze gezwongen. Et ass engem mam Hummer ageschloe ginn, wat sech d’Filmemaacher dobäi geduecht hunn. Méng Preferenz ass jo éischter alles, wat méi am Subtext matschwëmmt. Trotzdem huet de Film den éischte Präiss gewonn, mee ech hu jo och näicht ze soe gehat.
* Solus: E Film vum Meris, an den eenzegen an der Kategorie, deen net schwaarz/wäiss war. Ech géif soen, et war an dëser Kategorie sécherlech de Film, deen de gréissten Ecart tëscht Input an Output hat (ech muss d’Eco rem aus dem Kapp kréien). D’Iddi, sprëch och d’Story war interessant an ass koherent gezielt ginn, mee natierlech huet hei e bëssen d’Qualitéit an der Ausféirung, verglach mat der Konkurrenz, gefeelt. Insgesamt hunn ech d’Aarbecht fir mech awer méi uspriechend fonnt, wéi den éischte Film, wann ech och soe muss, dass deen natierlech impecabel gedréiht war.
* Déjeuner du matin: mäi perséinleche Favorit an deser Kategorie, well: éischtens hunn ech et eng schéin Iddi fonnt e Gedicht vum Jacques Brel z’adaptéiren, an zweetens ass mat ganz minimalem Opwand, an ouni grouss bombastesch, frappéirend Biller a Szen ze setzen eng sécherlech genee sou tragesch Thematik behandelt ginn, wéi a “Mona”: de Krich. De Schluss vum Film war virauszegesinn (mee dat war dee vu “Mona” och), mee trotzdem ass e mir perséinlech méi no gaang, well d’Symbios tëscht Biller, Musék, an der Handlung perfekt war, ouni grouss Wellen ze schloen.
* Blanc: dëse Film war sécherlech o net schlecht, well en em puer speziell Iddien hat, an déi adäquat developpéiert huet. D’Iwwergäng tëscht Schachspill, wäisser Couche, Koks, wäissem Päerd an Dout waren dach iergendwéi interessant a verständlech. Ech hunn et awer witzeg fonnt, dass se dem Stanley Kubrick séng Lieblingsmusék fir de Film gewielt hunn, à propos Hybris a sou.
Dokumentatioun
* Déi radikal Borschten mam roude Fändel: Doku iwwer d’Lëtzebuerger Revolutioun 1971 am Dikkrecher Lycée. Schéin Originalopnahmen, zesummen mat Zeienaussoen. Insgesamt witzeg a sympathesch, eng kuerz, an oft vergiessen Episod aus der Lëtzebuerger Geschicht, wierdeg verpackt, an dofir och de gerechte Gewënner.
* La Boca Tango: E Film, gedréiht a La Boca, Buenos Aires, deen d’Ufäng vum Tango nozeechent an em puer Infos iwwert deen dach speziellen Danz get. Et wier déi beschten Doku gewiescht, hätten sech d’Danzszenen zum Schluss net minuttelaang widderholl.
* Mon ami: Guy Bollendorff: e Film iwwert e Veiner Keramiker, léif gema, mee ouni grouss Aussoo. Trotzdem fannen ech alleng d’Iddi scho léif e Film iwwert e gudde Frënd ze dréihen.
Comedy/Sketcher
* Blind Date: e Film vum fläissegen Olivier Koos. Zwar dee schwächste vu séngen dräi Bäitreeg, mee awer ganz amüsante Film iwwert e méi oder manner fatalen Iertum.
* Something about Pizza: rem vum Olivier Koos, an de Gewënner vun der Kategorie. De Film war lëschteg, hat schéin Referenzen op Hitchcock, an “American Pie”, wann ech mech net ieren a war léif gedréiht. Wierklech recht witzeg, an wéinst der gudder Ausféirung och de verdéngte Gewënner.
* Deem Engen säi Stierwe, deem Aneren säin Ierwen: de Film, gedréit vun 13-14jähregen hat eng fierchterlech Kameraféirung a Qualitéit, mee et war ganz sécherlech de witzegsten vun den dräi Filmer. Ech hu gutt dobäi gelaacht, a wann se hir Technik nach verbesseren, gewannen se d’néchst Joer (wann et de Concours nach emol get).
Minispots
* La Naturaleza: de Film ass vu Frënn vu mer gedréiht an huet schéin Naturbiller agefaang, an déi zu “Don’t Panic” vu Coldplay lafe geloss. Mir gefällt en, well e propper geschafft ass, an d’Iwwergäng propper sinn an et och iergendwéi alles homogen an harmonesch wierkt.
* Super Mario: zwou Minutte laang, de Super Mario aus de Spiller an echt nogespillt. Déi éischt hallef Minutt saukomesch, duerno manner komesch, well et sech dach widderholl huet. Dass de Film dës Kategorie gewonn huet, ass schued, well et souVideoen genuch op Youtube get.
* Bikers Club: kuerze Film, kuerze Witz, kuerz gelaacht, fäerdeg.
* Stop Motions: den drëtte Film vum Olivier Koos, dat bescht wat deen Owend gelaf ass, an dach just läschten an dëser Kategorie. Et muss e fierchterlechen Opwand gewiescht sinn, fir dëse Film ze maachen, dee wéi den Numm scho seet op der Stop Motion Technik baséiert. Genial gema.