Apr 09 2013

Cour de Justice: “Filmminister” François Biltgen offiziell Kandidat

Published by at 12:57 under Filmfund Luxembourg,Misc. Luxembourg

SOURCE: http://news.rtl.lu

Konfirméiert: De Justizminister François Biltgen ass elo offiziell Kandidat fir de Posten als Riichter op der europäescher Cour de Justice.

RTL Informatiounen no huet sech de Justizminister gemellt, nodeems d’Regierung fir den Nofolger vum Jean-Jacques Kasel viru Wochen eng ëffentlech Ausschreiwung gemaach huet.

Den Delai heivir war de leschte Freideg.

Dat bedeit also och, dass et zu engem Wiessel an der Regierung kënnt, wann de Minister da Riichter sollt ginn. De François Biltgen ass den Ament Ministre de la Justice, Ministre de la Fonction publique et de la Réforme administrative, Ministre de l’Enseignement supérieur et de la Recherche, Ministre des Communications et des Médias a Ministre des Cultes.

De Jean-Jacques Kasel hält am Oktober jo op.

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply