Apr 13 2009

Déi Greng – Spot

Published by at 19:00 under Misc. Luxembourg

Läschten Sonndeg woar an der Staat den Tournage vum Spot fir d’Wahlcompagne 2009 vun deenen “Grengen“.

Leider hun si net op eng lëtzebuergesch Produktiounsfirma zréckgegraff mee hun mat der Berliner Firma “Neue Sentimental” zesummen geschafft. Och d’Team gouf zum Gréissten Deel aus Daitschland ageflunn fir hieren Slogan op d’Leinwand zebrengen: Ecologie, Economie an Educatioun….

Comments

comments

Läschten Sonndeg woar an der Staat den Tournage vum Spot fir d’Wahlcompagne 2009 vun deenen “Grengen“.

Leider hun si net op eng lëtzebuergesch Produktiounsfirma zréckgegraff mee hun mat der Berliner Firma “Neue Sentimental” zesummen geschafft. Och d’Team gouf zum Gréissten Deel aus Daitschland ageflunn fir hieren Slogan op d’Leinwand zebrengen: Ecologie, Economie an Educatioun….

Comments

comments

5 responses so far

5 Responses to “Déi Greng – Spot”

  1. Jhangon 13 Apr 2009 at 23:45

    di gring schaffen dach sait joeren matt enger daitscher boite zesummen? ass dat schlemm?

  2. Piron 14 Apr 2009 at 08:43

    Salut,

    also ech fannen dat och keen Skandal. Op der aanerer Sait ass et schued fir d’Lëtzebuerger Realisateuren an d’Team. Déi wieren vlaicht och mool frou fir eng ordentlech Reklamm zedréinen. Schliesslech mussen si sech och iwwer Waasser haalen.

    Mee déi aaner Parteien maachen et bestëmmt net aanescht.

    En bësien schued fannen ech dat schon…

  3. claudeon 14 Apr 2009 at 09:03

    dat ass allgemeng weit verbreed dat een als letzebuerger firma an d’ausland geet wann et em reng kommerziel filmoptreeg geet. fir werbung gett et neehmlech keng staatlech ennerstetzung, dann brauch een och net méi hei ze dreinen. dat parteien genau sou schlussfolgeren fannen ech schon e bessien schued.
    leider ass et io lo net sou dat dat wat se an der belge, frankreich oder deitschland produzeieren an dann hei am utopolis weisen wierklech besser wier wéi dat wat se hei kréien géifen…
    op der aanerer hand denken ech ass et all mensch fréi iwerloos ze entscheeden wou en akaafen geet, just géif ech als filmschaffenden vléicht éischter zecken ier ech enger letzebuerger partei geld spenden…

  4. Jhangon 14 Apr 2009 at 19:01

    naja dei greng sin jo awa di eenzeg dei sech fir kultur ansetzen – wann ech gesin wat den Roga alles fir d kulturjoer gemach huet an ech hieren kulturdeel am wahlprogramm liersen ass dat ok – suwait ech dat vun engem kolleg (insider) wees schaffen sie matt enger daitscher PR boite zesummen an huelen un dass dei hinnen d neue sentimental besuergt hun. bon ech giff d resultat mol oofwarden dann gesait een jo op zu letzebuerg jo et och haett su kennen man

  5. Adyon 15 Apr 2009 at 19:09

    yeah dass voll shued well et hei am land esou vill talent get! an zumols an der werbebranche do get et nach esou vill ze maachen… suguer d’letzebuerger werbeboiten graifen un auslaennesh realisateur un fir hir spoten ze dreinen…

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply