May 27 2008

Eng Stad erënnert sech

Published by at 10:44 under Misc. Luxembourg

Och Déifferdeng kritt sain Film:

Déifferdeng virun der Industrialiséierung: Uertschaften, A-wunnerzuel, vu wat hunn d’Leit deemols gelieft?
D’Entwécklung vun engem Duerf zur Industriestad mat Waasser, Elektresch, Tram a Stroossebau: Wéi huet d’Infrastruktur sech opgebaut? D’Kolonien an de soziale Wunnengsbau: Wéi waren d’Oarbechtskonditiounen an de Galerien an op der Schmelz? Den Éischten an den Zweete Weltkrich, d’Resistenz zu Déifferdeng, d’Stolkris vun de 70er Joren, Kultur a Sport: grouss Veräiner, grouss Leeschtungen. Wie waren d’Buergermeeschtere vun de läschten honnert Joer? Wéi aus enger Industriestad eng Wunngemeng mat Liewensqualitéit gouf!

Dëst sinn nëmmen e puer vun enger ganzer Rei vun Themen, déi an dësem historesche Film behandelt ginn. Film- a Fotomaterial aus deene läschten honnert Joer verschmëlze mat Interviewe vun Zäitzeien zu engem eemolegen Dokument iwwert eng Stad, déi vill ze zielen huet.
D’Présentation vum neien Geschichtsfilm ass mëttwochs, den 28. Mai um 20.00 Auer am Déifferdenger Schlass (Miami University).
Ab dem 29. Mai kritt een d’DVD beim „Service culturel“ vun der Gemeng Déifferdeng fir 15 Euro ze kafen.
Ville de Differdange, Service
culturel, Serge Blasen,
BP 12, L-4501 Differdange,
Tel.: 58 40 34 – 204,
E-Mail: serge.blasen@
sc.differdange.lu,
www.differdange.lu,
www.centenaire-
differdange.lu

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply