Mar 19 2011

2. Editioun vum Festival du cinéma portugais zu Lëtzebuerg

Published by at 01:39 under Festival,Lux

SOURCE: http://kultur.rtl.lu

port

De Ciné Utopia an déi Portugisesch Ambassade zu Lëtzebuerg presentéieren, vum 24 Mäerz bis de 7 Abrëll, déi 2. Oplag vum Festival du cinéma portugais.
An Zesummenaarbecht mam Camões – Centre Culturel Portugais au Luxembourg, ginn ab dem 24. Mäerz eng Rëtsch Filmer mat Portugiseschen Originen hei zu Lëtzebuerg gewisen.
De Festival start de 24. Mäerz um 19.00 Auer mat enger feierlecher Zeremonie a mam Besuch vum Luís Galvão Teles, Realisateur vum Film “Dot.com”, deen och während dem Festival ausgestrahlt gëtt.
Lass geet et de 24. Mäerz allerdéngs mam Film “les Immortels” deen och deels zu Lëtzebuerg gedréint ginn ass. 4 Pensionéiert Kommandanten entscheeden eng Bank ze iwwerfalen, dobäi hu se allerdéngs net mam Joaquim Malarranha gerechent. De Polizist bleift un den Täter drun.
Während dem Festival, ginn d’Filmer zum normalen Tarif an och mat Engleschem Ënnertitelen ugebueden.

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply