May 21 2010

De Jemp Thilges – Live vun der Croisette

Published by at 12:12 under Festival

De Jean-Pierre Thilges beriicht fir RTL an engem Blog baal deeglech vu Cannes, hei dee leschten Antraag:

Et gëtt net vill ze laachen…

jean-pierre thilges

Mir liewen an enger ellener Welt an de Programm vun engem Festival kann natierlech nëmmen dës Welt reflektéieren….

Dat ass och fir de Kino made in Lëtzebuerg net anescht, an et sinn dann och déi Filmer déi ee schlussendlech an enger Festivalsprogrammatioun ëremfënnt.

ILLEGAL vum Olivier Masset-Depasse, deen en Dënschdeg an der Quinzaine des Réalisateurs gewise gouf, ass eng belsch-lëtzebuergesch-franséisch Koproduktioun, déi zu groussen Deeler an eisem Land gedréint a vun der Lëtzebuerger Firma Iris Productions matfinanzéiert gouf. De jonke belsche Regisseur erzielt d’Schicksal vun enger russescher „Sans-Papier“ déi zenter 8 Joer mat hirem 14 Joer ale Bouf an der Belsch lieft an och schafft, déi sech awer ëmmer virun der Police verstoppe muss, well se riskéiert deportéiert ze gi wann se interpeléiert gëtt. Enges Dags ass et dann sou wäit an d’Fra gëtt vun hirem Jong getrennt a kënnt an e „Centre de détention“ wou se op hir Deportatioun waart an allerhand Humiliatiounen iwwer sech ergoe léisst. De Problem vun de „retours forcés“ huet och an de leschte Joren zu Lëtzebuerg fir vill Diskussioune gesuergt, mä d’Auoritéiete bei onsen Nopere si gläich 4 Mol beim Europäesche Geriichtshaf wéint hire Methode beim EËmgank mat „sans papiers“ verklot ginn. Den ILLEGAL ass e knëppelhaarde mee sobere Film dee seng traureg Helde mat vill Dignitéit behandelt an de Fanger an eng oppe Wonn leet. An der „Quinzaine des Réalisateurs“ gouf de Film ganz gutt opgeholl a souguer mat Szenenapplaus beduecht. Dëst wor zwar deen eenzege „Lëtzebuerger“ Film op der Croisette, mee eng besser Visitekaart hätt eist Kinosland dëst Joer sécher net presentéiere kënnen.

Ee vun deene Filmer déi vun der Press am meeschten erwaart goufen, wor dem mexikanesche Regisseur Alejandro Gonzalez-Inarritu säi BIUTIFUL mam Javier Bardem an der Haaptroll. Hei geet et iwwregens och ënner anerem ëm „sans papier“ déi zu Barcelona ënner onmënschleche Bedingunge liewen, schaffen an exploitéiert ginn. Am Mëttelpunkt vum Film steet e Spuenier (gespillt vum Javier Bardem, deen e seriöe Kandidat fir den Interpretatiounspräis ass) dee vun der Exploitatioun vun dëse „sans papier“ lieft, deem seng Famill amgaang ass z’implodéieren an deen erausfënnt, dat en u Prostatatkriibs erkrankt ass an net méi laang ze liewen huet. De BIUTIFUL ass en total negative Film bei deem et absolut näischt ze laache gëtt an dee während 2 Stonnen a 27 Minutten eng „descente aux enfers“ erzielt, déi dem Spectateur zimlech gutt Nerven ofverlaangt. Vill Journaliste woren der Meenung, se hätten hei hir „Palme d’Or“ gesinn, wat ee verstoe kann, well et sech hei ëm en typesche Festivalsfilm handelt, ech fir mäin Deel fannen, dat de Regisseur e bëssen ze déck opgedroen huet. Et ass sécher en exzellente Film, mee en „normale“ Kinospublikum verléiert bei dëser Unheefung vun Negativitéit sécher d’Schlappen.

Dem iraneschene Cineast Abbas Kiarostami säi COPIE CONFORME deen hien an Italien gedréint huet (et ass säin éischte Film deen net am Iran enstanen ass) ass e schéinen, enigmateschen „exercice de style“, wou een sech als Spectateur méi wéi eng Kéier um Kapp kraazt a sech freet, wat dat Ganzt iwwerhaapt soll, well een um Schluss vum Film net vill méi schlau ass wéi um Ufank. Schéi Biller an eng exzellent Prestatioun vum Juliette Binoche, ginn allerdéngs net duer fir dat ee sech fir de Film begeeschtere kann – an der Presseviirstellung zu Cannes gouf en dann och vu verschiddene Leit ausgepaff, well een sech vun engem Kiarostami dann trotzdeem méi erwaart hat.

Um Pabeier huet d’Thema vum franséische Film DES HOMMES ET DES DIEUX vum Xavier Beauvois zimlech dréchen ausgesinn, well et geet ëm d’Liewen an den Alldag an engem kathoulesche Klouschter iergendwou an den algeresche Bierger an den 90er Joren. Et huet sech allerdéngs séier erausgestallt dat mer (oder op d’mannst ech) hei ee vun deene beschten an intensivste Filmer vun der offizieller Selektioun gehandelt huet. Nieft dem Liewe vun de Mönchen geet et hei nämlech virun allem ëm hir ugespaante Relatioune mat de muslemeschen Extremisten an der Géigend, mat der algerescher Regirung an Arméi an och mat der lokaler Populatioun, déi zum groussen Deel vun der Präsenz vun den auslännesche Geeschtlechen ofhänken, well se vun hinnen och medezinesch versuergt ginn. Et ass sécherlech kee Film fir jiddereen, well d’Liewen am Klouschter mat erzielerescher Austeritéiet erzielt gëtt, mee – an dat obwuel ech alles anescht wéi e reliéise Mënsch sinn – d’Intensitéit vun dem Regisseur senger Erzielweis an d’schauspilleresch Leeschtung (ënner anerem vum Lambert Wilson a vum Michael Lonsdale) sinn hei op Topniveau. Fir een deen op Filmer déi ëm de Glaawen an d’Relioun dréien allergesch reagéiert ass DES DIEUX ET DES HOMMES allerdéngs net ze recommandéieren. Fir mech wor et allerdéngs ee vun de beschte Filmer an der Kompetioun.

Bei all deem Ongléck mat deem mer et hei um Festival ze dinn haten, kënnt dann eng kleng bësseg Comedie wéi dem Stephen Frears säin TAMARA DREWE grad richteg, fir d’Moral vun de Festivalsgäscht e bëssen opzeriichten. Schonn elleng déi sympathesch Schnuff (an och de ganze Rescht) vum Gemma Arterton goungen duer fir ons Laun opzefrëschen – et ass schued dat et dëst Joer net méi „Genrefilmer“ gouf, déi beweisen, dat Kino net nëmme negativ Geschichten erziele kann, mee och – op d’mannst heiansdo – säi Publikum ënnerhalen an zum laache brénge soll.

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply