May 15 2013

Dem Jemp säi Cannes-Blog (1): EMPIRE OF THE SUN

Published by at 18:01 under Festival

SOURCE: http://kultur.rtl.lu

Verpasst näischt vum 66. Filmfestival vu Cannes: Eise Filmkritiker Jemp Thilges ass op der Plaz a schéckt eis nees regelméisseg seng Chroniken eran.

Gudde Moien vun der Croisette. Et oui, et as nees sou wäit, haut Mëttwoch geet de 66. Filmfestival vu Cannes aus de Startbléck. Alt erëm wäert ech all Dag an zéng Deeg laang e Film-Marathon absolvéieren iwwer deen normal Stierflecher nëmmen de Kapp rësele kënnen: Wéi kann ee sech 12 – 14 Stonne pro Dag an engem däischtere Kinossall aspäre loossen, wann do baussen d’Sonn schéngt an um Strand laanscht d’Croisette déi knackegst Mosse vun der Welt hire Speck knuspereg gi loossen. Also dat mat der Sonn, dat war bis gëscht, well haut de Moien, traditionell zum Ufank vum Festival, hänken däischter Reewolleken iwwer dem « Palais des Festivals », sou dat et ganz gutt kéint sinn, dat d’Pinguinnen an hir Madamen an de schéinen Toiletten den Owend eng kal Dusch kréien, wann se de rouden Teppech erop klammen, fir den Leonardo Di Caprio, d’Carey Mulligan an den Tobey Maguire an THE GREAT GATSBY kucken ze goen. Un déi 2.000 Leit am grousse Sall…an alleguer hu se en 3D Brëll op der Nues. Hoffentlech mécht een eng Foto dovun, dat muss derwäert sinn.

Dee Moment hunn ech de GATSBY schonn e puer Stonne gesinn, d’Pressevirféierung ass schonn haut de Moien, well et kann een deenen Dammen an Hären vun der Galavirstellung jo net zoumudden, mat Journalisten an engem Sall ze sëtzen, wou komme mer dann do hin. Zu Lëtzebuerg kënnt der de Film an « d’Montée des Marches » jo och a verschiddene Kinoe live a virun allem dréche mat erliewen, well dem Baz Luhrmann säi Film haut europawäit eraus kënnt, nodeems déi amerikanesch Kritiker e virun enger Woch scho schéi massakréiert hunn. De GATSBY leeft hei « hors compétition », wéi scho virun e puer Joer dem Luhrmann säin anere grousse Spektakel MOULIN ROUGE (mam Nicole Kidman), deen ech nach a ganz gudder Erënnerung hunn.

An d’Nicole Kidman ass och dëst Joer nees dobäi, hat ass Member vum internationale Jury, wou ëmmerhin de Steven Spielberg President ass – aner Jurysmembere sinn den taiwanesche Regisseur Ang Lee, déi englesch Regisseurin Lynne Ramay, d’indesch Schauspillerin Vidya Balan, de franséischen Acteur Daniel Auteuil, d’japanesch Cineastin Naomi Kawase, de rumänesche Regisseur Cristian Mungiu an – last but not least – den éisterräichesche Schauspiller Christoph Waltz, dee bis virun e puer Joer nach kee Schwäi kannt huet an deen op eemol (och hei zu Cannes) am Quentin Tarantino sengem INGLOURIOUS BASTERDS um Ecran explodéiert ass. Véier Joer méi spéit huet de Kärel schonn zwee Oscare gewonnen.

Um Pabeier gesäit déi 66. Editioun vum Festival (meng 34.) sech nawell ganz gutt un, hoffe mer dat déi Dammen an Hären Kinosmënschen hir Verspriechen och anhalen. Mat neie Filmer vum Baz Luhrmann, François Ozon, Asghar Farhadi, Arnaud Desplechin, Alex van Warmrdam, de Coen Bridder, Takashi Miike, Valeria Bruni-Tedeschi, Steven Soderbergh, Paolo Sorrentino, Nicolas Winding Refn, Alexander Payne, Abdellatif Kechiche, James Gray, Roman Polanski an Jim Jarmusch kann e jo bal net schif leien. Nom mëttleren Debakel dee mer dëst Joer zu Berlin erlieft hunn, géif et dem Kino nawell gutt doen, wa Cannes e kënschtlereschen Erfolleg géif ginn.

Lëtzebuerg as dëst Joer och gutt vertrueden mat gläich zwee Filmer an der « Quinzaine des Réalisateurs » : Dem Ari Folman säin THE CONGRESS deen d’Ouverture mécht, an dem Serge Bozon seng verréckte Flicke-Komedie “TIP TOP”. Um « Marché du Film » gëtt dëser Deeg nach eng aner interessant Neierung « made in Lëtzebuerg » virgestallt, nämlech d’Internetplattform www.filmsoul.com, déi et Produzenten, Filmemaacher an och Filmfongen aus der ganzer Welt erlabe soll, hir Filmer ze weisen an hir Projeten ze promovéieren.

An – grouss Première – Eisen neie Medien- a Kommunikatiounsminister Luc Frieden gëtt iwwert de Weekend op der Croisette erwaart, fir säin neit Räich intensiv kennen ze léieren. Hoffentlech huet de Luc de Rosé gär!

Allez, e schéine Bonjour vun der Croisette a vum Steven Spielberg.

Jemp Thilges

Comments

comments

No responses yet

Comments are closed at this time.

Trackback URI |