Jun 19 2014

Lëtzebuerg an den Animatiounsfilm

Published by at 01:48 under Festival,Industry

SOURCE: http://www.rtl.lu

De Medien- a Kommunikatiounsminister ass um 38. Festival d’animation an um 29. Mifa zu Annecy an huet do mat eisem Mann op der Plaz Julien Pinon geschwat.

Zënter der leschter Oscar-Zeremonie, bei där den “Monsieur Hublot” ausgezeechent gouf, ass gewosst: Zu Lëtzebuerg spillt den Animatiounsfilm eng Haaptroll. Am Kader vum 38. Festival d’animation a vum 29. Mifa (“International Animation Film Market”) zu Annecy ass Lëtzebuerg dann och nees mam Film Fund a mat sengen nationale Studioe gutt vertrueden.

De Medien- a Kommunikatiounsminister Xavier Bettel wollt vun dëser Geleeënheet profitéieren, fir sech e Bild vun der aktueller Situatioun ze maachen.

De Julien Pinon ass fir RTL zu Annecy an huet mam Minister iwwer Animatioun, Talent, Kreativitéit a Succès “Made in Luxembourg” geschwat.

Ze lauschteren um Site vun RTL

Comments

comments

No responses yet

Comments are closed at this time.

Trackback URI |