Jun 12 2011

RTL Carte Blanche: Colette Flesch

Published by at 02:33 under Festival,Letz

SOURCE: http://news.rtl.lu/commentaire/carteblanche

Lëtzebuerger Filmfestival « Discovery Zone »

Eng Carte Blanche vum Colette Flesch, Éierebuergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, Presidentin vun der A.s.b.l. Festival de Cinéma – Ville de Luxembourg.

«Vergiess net wien s de bass, den Zolwerknapp ass kee Parnass» huet de Marcel Noppeney geschriwwen. De Lëtzebuerger Filmfestival «Discovery Zone», dee vum 28. Abrëll bis de 5. Mee stattfonnt huet, ka sech natierlech net mat sengem grousse Brudder vu Cannes, dee virun e puer Deeg zu Enn gaangen ass moossen. En huet net dee Glamour, déi Traditioun, dee Bekanntheetsgraad.

Nach war de Festival dëst Joer en Erfolleg !

Mat engem neien Numm, engem neie Konzept mä nach ëmmer mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère a vun der Stad Lëtzebuerg, huet «Discovery Zone» sech folgend Prioritéite gesat :

– Eng international Selektioun vu rezente Filmen déi Präisser kritt hunn, z.B. am Sundance Festival oder op der Berlinale, an och méi al Filmer déi e bleiwende Wäert hunn, ze weisen.
– E Programm jeune public zesummen ze stellen fir d’Altersgruppen 6 + an 12 +, an Zesummenaarbecht mam Ministère de l’Education Nationale, dem Service National de la Jeunesse an der Stad Lëtzebuerg. Dee Programm hat zum Ziel d’Education à l’image ze fërderen an deene Jonken e Kontakt zum kulturellen a professionellen Aspekt vum Filmschafen ze bidden.
– De Courtsmetragen, an domadder enger Selektioun vun deene beschten nationale Produktiounen an Co-Produktiounen, eng Bühn ze bidden.
– Dem multikulturelle Charakter vum Lëtzebuerger Public Rechnung ze droen, de Balkan-Programm z.B. wor e vollen Erfolleg.
– Déi Lëtzebuergesch Professionell z’associéieren an domadder déi gewalteg Entwécklung vun der nationaler Filmzeen unzeerkennen.

Déi Approche déi op Inhalter gesat huet, méi wéi op Vedetten, ouni awer dass dichteg Invitéë solle gefeelt hunn déi zu hire Filmen, Stellung geholl hunn, war en Erfolleg. D’Spezialiste waren zefridde mat der Wiel vun de Filmen an och de Publikum an d’Press hu sech iwwert d’Qualitéit belueft.

Deen Erfolleg huet derzou geféiert, dass eng nei Editioun vum Festival geplangt ass, vum 1. Bis den 9. Mäerz 2012: Erfreelech ass, dass de Kommunikatiouns- an Medieminister bei senger Pressekonferenz zu Cannes erkläert huet, dass den Owend vum Lëtzebuerger Filmpräiss d’Schlussveranstaltung vum Festival d’nächst Joer wäert ginn.

Mäi Message fir d’Lëtzebuerger Filmfrënn, mierkt Iech den Datum vum 1. Bis 9. Mäerz 2012 !

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply