Jul 22 2014
Budget dierft bleiwen, awer vill méi Demanden
SOURCE: http://www.rtl.lu
Ronn 35 Milliounen Euro fir 58 Projeten huet de Lëtzebuerger Filmfong zejoert ausginn. Deen ännert seng Gouvernance a gëtt ëmmer méi sollicitéiert.

2013 war fir de Lëtzebuerger Film e ganz dynamescht Joer, wéi déi Responsabel vum Filmfong um Méindeg ënnerstrach hunn, wéi se hire Bilan gezunn hunn.
Et goufen eng ganz Partie Selektiounen an international Präisser, dorënner e César fir “Ernest et Celestine” an dräi Selektiounen op de European Film Awards, wou “The Congress” de Präis fir de beschten Animatiounsfilm krut.
Am Ganzen huet de Lëtzebuerger Filmfong zejoert 58 Projete mat enger selektiver Finanzhëllef ënnerstëtzt.
Vun de 40 Milliounen Euro, déi de Fong zejoert zur Verfügung hat, huet en der ronn 35 ausginn.
Et sinn ëmmer méi Produktiounsfirmen, déi eng Demande fir eng finanziell Hëllef maachen, et sinn der elo scho méi wéi um Enn vum leschte Joer. De Guy Daleiden, den Direkter vum Filmfong: “Mir sinn elo schonn doriwwer eraus a mir hunn nach eng Sessioun ausstoen, esou datt mer dëst Joer wäit iwwer 120 oder 130 Demandë kommen.”
D’Evolutioun, datt een op eemol iwwer 30 % méi Demandë kritt, kënnt awer net vun ongeféier: “Eis Produzente sinn elo méi bekannt am Ausland, se hu sech e gudden Numm gemaach a mir hunn elo méi Produktiounsgesellschaften zu Lëtzebuerg hunn, déi méi Projete wëlle generéieren.”
E wichtegen Deel vun der Aarbecht vum Filmfong ass awer och d’Promotioun vun de Lëtzebuerger Filmer an Talenter am Ausland: Dofir kann et eng “Aide à la promotion” gi fir Filmer, déi zu Lëtzebuerg gedréit goufen. Fir dee Beräich huet de Filmfong zejoert knapp 145.000 Euro ausginn.
Duerch dat neit Gesetz iwwert d’Finanzéierung vum Film, dat d’lescht Woch gestëmmt gouf, bleift de Sekter um internationale Marché kompetitiv an et ginn eng Rei Changementer um Niveau vun der Gouvernance, seet de Guy Daleiden: “De Comité technique an de Comité de lecture ginn ersat duerch e Comité de sélection ersat. An de Conseil d’administration wäert changéieren.”
Wat d’Spuermesuren ugeet, krut de Filmfong vun der Regierung gesot, datt en ongeféier mat deem selwechte Montant wéi déi lescht Joere ka rechnen, datt awer méi mat deene Sue muss gemaach ginn.
Comments