Mar 16 2012

Au Bonheur des Ogres: Tournage zu Lëtzebuerg

Published by at 01:15 under Bidibul Productions,Industry,Letz

SOURCE: http://kultur.rtl.lu

D’Schauspillerin Bérénice Bejo, dréint den Ament hei zu Lëtzebuerg mam Emir Kusturica, dem Nicolas Bary säi Film “Au Bonheur des Ogres”.

Spéitstens zanter den Oscaren dierft Iech hire Numm bekannt sinn. D’Bérénice Bejo ass eng franséisch Actrice, déi am Film “The Artist” matgespillt huet, deen a 5 Kategorie bei den Oscaren iwwerzeege konnt.

Biller soe méi ewéi 1.000 Wierder, dat beweist op alle Fall d’Bérénice Bejo alias Peppy Miller am Film “The Artist”. Fir hir Roll an dësem Schwaarz wäisse Stommfilm war d’Schauspillerin ënner anerem fir d’Golden Globes an d’Oscare nominéiert an huet a Frankräich de César als beschten Actrice gewonn.

Elo steet si schonn nees fir en neie Projet virun der Kamera an zwar hei zu Lëtzebuerg. De Film “Au Bonheur des ogres” steet op Lëtzebuerger Säit ënnert der Leedung vu bidibul productions an Zesummenaarbecht mat Frankräich an der Belsch.

D’Geschicht baséiert op den Erzielunge vum Daniel Pennac iwwert d’Saga Malaussène. D’Bérénice Bejo spillt hei d’Roll vun der Tante Julia. Trotz hirem Succès mat “The Artist” huet sech awer um aktuellen Tournage am Grand Duché näischt geännert, sou den Nicolas Bary, Realisateur vum Film “Au Bonheur des Ogres”.

Nieft dem Bérénice Bejo spillt och de bekannte serbesche Realisateur an Acteur Emir Kusturica mat am Film. An der Haaptroll ass iwwerdeems de Raphaël Personnaz ze gesinn.

Nach bis den 29. Mäerz ass d’Filmequipe an de Filmstudioen zu Conter, duerno geet et weider op den Tournage zu Paräis a wann alles klappt soll de Film Enn dës Joers erauskommen.

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply