Aug 21 2011

“Doudege Wenkel”: Tournage vum 1. Lëtzebuerger Krimi

Published by at 01:07 under Articles,Industry

SOURCE: http://kultur.rtl.lu/kulturpur/news/118689.html

Am August huet den Tournage vun „Doudege Wenkel“ ugefaangen. Speziell bei dësem Film ass, datt et am Fong deen 1. richtege Lëtzebuerger Krimi soll ginn…

 „Doudege Wenkel/Angle Mort“ ass d’Geschicht vun engem jonke Polizist, dem Olivier Faber, deen no enger Trennung eng schwéier Phase duerchmécht. Nodeems säi Brudder, deen och bei der Police schafft, enges nuets dout op engem Parking fonnt gëtt, rappt de Faber sech um Rimm a mécht alles fir den Dout vu sengem Brudder z’erklären.

Produzéiert gëtt de film vu Samsa, realiséiert gëtt de Film vum Christophe Wagner, dee mir bis well fir seng Documentaire wéi „Ligne de Vie“ oder „Luxembourg-USA“, kennen. 2004 schonn huet de Christophe Wagner mam Gedanke gespillt fir vum Documentaire op Fiktioun eriwwer ze klammen. Am November 2007 dunn, wou hien de Frédéric Zeimet, jonke Lëtzebuerger Scénarist, kennegeléiert huet, ass de Projet Polar réischt richteg konkret ginn.

Deenen zwee Scénariste wor et vun Ufank un immens wichteg de Film, an deemno och d’Personnagen, esou reell wéi méiglech ze gestalten an dofir hu si sech un zwee richtege Lëtzebuerger Schauspiller inspiréiert, de Jules Werner an den André Jung.

Ander Jung

Déi zwee hunn dann och jo gesot a spillen déi zwou Haaptrollen, den Inspekter Hastert an den Olivier Faber, säi Gesell.

Fir d’Roll vun engem Polizist iwwerzeegend ze spillen, war d’Recherche am Virfeld ähnlech wéi fir aner Rollen, dat heescht et muss ee sech schonn an d’Thema eraschaffen, um Internet kucken, Bicher liesen asw. De Jules Werner huet eis awer och gezielt hien hätt d’Charte vun der Police gelies, Artikel fir Artikel…

Si haten awer och e puer Rendezvouse bei der Police wou se d’Büroe kucke gaange sinn a mat de Poliziste iwwert hiren Alldag geschwat hunn. De Jules Werner war och op de Schéissstand an haaptsächlech an de Fitness fir mat engem Personal Coach ze trainéieren.

Jules Werner

Och hei ass et kloer, datt et dem Realisateur immens wichteg wor mat sengem Film esou no wéi méiglech un den Alldag vun engem Polizist erunzekommen. Gedréint gëtt op 16mm an dat well de Christophe Wagner och vum Bild hir der Realitéit wollt no bleiwen. Fir hien ass dat Format vill méi “organesch” a bréngt méi op den Doku zréck.

Obwuel et e Fiktiounsfilm bleift, well de Realisateur verschidden Aspekter an Technike vum Documentaire a säi Polar abauen. Hie referéiert sech hei un d’Krimien aus de 70er Joren, wou vill méi an de Stroosse gedréint gouf an net méi esou vill an de Studioen.  

Gedréint gëtt nach bis den 16. September, an da kann ee rechnen, datt Doudege Wenkel/Angle Mort esou am Hierscht d’nächst Joer op de groussen Ecran kënnt. 

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply