Jul 12 2009
Trouble no More
source: http://kultur.rtl.lu/kulturpur/news//29493.html
Den Tournage vum “Trouble no More”, d’Suite vum “Troublemaker” an “Back in Trouble” huet leschte Mëttwoch ugefaang an dauert nach bis Mëtt August. Et gëtt gréisstendeels an der Stad gedréit. E Sonnde waren se zum Beispill am Neiduerf.

Am “Trouble No More” ass den Johnny Chicago, alias Jacques Guddebuer, dout. Säi Kumpel, den Chuck Moreno brécht aus dem Bing eraus an decidéiert dem Chicago seng Äschen an Amerika ze bréngen, fir datt hie wéinstens iergendwéi eng Kéier a säi beléift Amerika kënnt. Dem Johnny säin eelere Bruder, de Ray Guddebuer, dee Kiwweljong an der Stad ass, huet sech all di Joren, wou säi Brudder am Prisong soutz, ëm dem Johnny seng Fra an Duechter gekëmmert. Den Chuck Moreno probéiert de Ray z’iwwerrieden mat him d’Äsche an Amerika ze bréngen. An der Roll vum Ray Guddebuer fënnt een de Marco Lorenzini an den Ender Frings iwwerhëllt nees seng Roll vum Chuck Moreno.
Hei d’Schauspiller déi am 3. a leschten Deel vum Andy Bausch senger Trilogie nach matspillen: Nilton Martins, Hervé Sogné, Nicole Max, Nora Koenig, Jean-François Wolff, André Jung, Frédéric Frenay, Steve Karier, Marc Faber, Henry Baumert, Pitt Simon, Patrick “Petz” Schaack, Georges “Pipo” Petro, Paul Hoffmann, Ed Sauer, Gilles Soeder, Daniel Kries, Mulles Kinnen, Daniel Plier, Luc Lamesch, Serge Tonnar, François Kwiatkowski, Gust Muller, Roger Seimetz, Elsie Charles, Yvonne Rogowski, Christiane Rausch, Monique Reuter, Josiane Pfeiffer, Jacqueline Chanut, Sara Lopez, Alain Holtgen, Norbert Rutili, Nicolas Quijqda, Michael Mann, Joël Delsaut, Schlomit Butbul, Luc Feit, Serge Tonnon, Claire Thill, Victoire Metzler, Vic Haas, François Dickes, Maurice Majerus…
Mat enger SMS a mat e bëssi Chance kënnt Dir hei op RTL.LU e Mëttegiesse mat der ganzer Equipe vum Film um Set gewannen.
Schéckt einfach eng SMS mam Stéchwuert “trouble” an Ären Numm an Adress op de 62468 (0,50 € / SMS) a gewannt dësen exklusive Präis!
Comments

hahaha, wat en exklusive Präis – en gratis film catering’s mëttegiessen! deen witzegste präis seit laangem!
schon erstaunlech waat een de Leit alles undréine kann.