Jan 27 2011

RTL Kultur News: Hight/Low

Published by at 10:38 under Letz

SOURCE: http://kultur.rtl.lu/

High Low, e Film vum Jean-Louis Schuller a Sam Blair

De Lëtzebuerger Jean-Louis Schuller huet op der Filmschoul an England de Sam Blair kennegeléiert. Zesummen hu se elo hiren neie Film an eise Kinoen.

High Low ass ganz a China gedréint ginn a begleet 4 spillsüchteg Leit an hirem Alldag.
Déi 4 Leit ënnerscheede sech awer komplett.
D’Fra kënnt net méi aus dem Spillen eraus, de Jonken ass matzendran, den Alen ass amgaangen opzehalen an da gëtt et nach de Räichen deem de Verloscht näischt ausmécht.
4 verschidde Geschichten déi vun den 2 jonke Realisateuren duerch en deels treffenden Toun an impressionant, awer och emol méi déifgräifend Biller richteg gutt duergestallt ginn.
De Jean-Louis Schuller an de Sam Blair hu selwer Toun a Regie gefouert a begleeden déi 4 Leit op d’Päerdscoursen an an de Casino, wat dem Jean-Louis Schuller no, net esou einfach war, well déi Chinesesch Kultur méi verschlossen ass a well et och net einfach war Leit ze fannen déi hire Problem gestinn an och oppen driwwer schwätze wëllen.
De Film High Low, elo an eise Lëtzebuerger Kinoen.

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply