Nov 09 2010

Ons Identitéit: Filmpremière zu Iechternach

Published by at 10:13 under Lux

SOURCE: http://kultur.rtl.lu/

De Ciné Sura weist e patriotesch/satiresche Film, an deem et de Lëtzebuerger Nationalstolz geet. Ze gesinn e Samschden 13. November um 18.00 Auer.

Beim ambitionéierte Projet hu jonk Lëtzebuerger Réalisateuren, ënnert der Leedung vum Jacques Schiltz an dem Lars Schmitz, sech Gedanke gemaach iwwert den, munchmol net fir Eescht ze huelende Nationalstolz an dësem Land.

Froen, déi sech de Lars Schmitz am Projet gestallt huet, sinn zum Beispil: Wourëm geet et de meescht Leit, déi gént d’Delokalisatioun vum Dikrecher Béier demonstréiert hunn?
Net ëm d’Aarbechtsplazen, an och net alleng dodrëm, dass de Lëtzebuerger Béier net an der Belsch produzéiert dierf ginn.

“Ons Identitéit” ass e Film iwwert de konsequente Lëtzebuerger. De Film verstoppt hannert enger witzeger a satirescher Fassade, déi eescht Fro, ob et sou eppes, wéi eng national Identitéit iwwerhaapt gëtt.

Dëse Fim soll d’Diskussion iwwert eng national Identitéit an eng Richtung lenken, an dowéinst war et dem Lars Schitz wichteg, de Film fir jidereen zougänglech ze maachen. Rassistesch a populistesch Parolen solle mat Hëllef vum Projet sou an d’Lächerlecht gezu ginn, dass sech eppes an der Stëmmung vu munche Leit an dësem Land changéiert.

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply