Jul 14 2013

Coup double bei FRAME24

Published by at 01:48 under Frame24,Music

Source: Pressnotiz vun Frame24

FRAME24, de Video- a Postproduktiounsatelier vun Take One Productions s.à r.l., ass houfreg, seng zwou nei Musékclip-Produktiounen vir ze stellen.

HUMEUR STRESSÉE ass deen éischten 3D-animéierte Musékclip fir eng lëtzebuerger Band, mat lëschtege Charactèren, engem sonnege, surreale Kader, an engem lëfteg-flotte Popsong. En optesch an akustesche Spaass fir Jonk an Aal. Mat dësem Clip feieren d’Muséker vun DJUJU hiren 30-jährege Bühnejubilée.

TRIGGER ass eng stylesch an ultrarapid Tour de Force ronderem déi energetesch Beats vun der lëtzebuerger Electrorockband HAL FLAVIN, déi mat dësem Lidd an dësem Clip rezent a Spuenien opgefall sin.

FRAME24, bestoënd aus dem Duo rok a Pol Milbert, huet op sech opmierksam gemaach mat den Animatiounen fir HOWLING WITH THE WOLVES (1er Prix Music Clips / Filmmaker’s Night 2011) an LES FAMEUX GARS (Nomination Meilleur Film / Lëtzebuerger Filmpräis 2012).

Kontakt: frame24@takeone.lu

Comments

comments

No responses yet

Comments are closed at this time.

Trackback URI |