Feb 22 2014

Vun der Schnappsiddi zum Gléckspak

Published by at 14:21 under Music

SOURCE: http://www.wort.lu

Première vum „De Bopebistro Tour“-Documentaire op RTL Télé Lëtzebuerg: De Serge Tonnar a säi Brudder Yann am Gespréich

(vac). „Bei engem Humpen an enger Drëpp, Sprangen d’Bopen dem Doud vun der Schëpp“ séngt de Serge Tonnar a sengem „Bopebistro“-Lidd. Aus dësem ass eng Tournée, duerno e Buch an elo och nach en Documentaire, bei deem dem Serge säi Brudder Yann Regie féiert an den haut den Owend em 18.15 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg seng Première huet. De Serge Tonnar an de Yann hunn eis virdrun erkläert, wéi dëse Gléckspak zustan koum.

Bopebistro: Aus engem Lidd ass eng CD an eng Tournee, duerno e Buch an elo och nach e Film entstan. … e richtegt „Rundum-Glückspaket“. Firwat hutt Dir op all dës Kanäl zeréckgegraff?
Serge Tonnar: Dat war Zoufall. D’Lidd war schon en Hommage un déi kleng al Caféen, an déi ech a menger Jugend scho selwer léiwer gaange sinn wéi an déi modern Boiten. An engem Bistro (wou soss) koum du mat Legotrip déi Schnappsiddi op, fir eng Bopebistro-Tour ze man, déi direkt en immensen Erfolleg war. Spontan hu mer mam Yann décidéiert dat Ganzt ze filmen, ouni am Viraus ze wëssen, wat herno mat de Biller geschéie géif. De Yann hat wuel am Gefill, dass hei eppes ze-staane komm ass, wat derwäert wär am Bild festzehalen. D’Iddi vum Buch koum vum Sonia Da Silva vun den Editions Saint-Paul, an och dat war e groussen Erfolleg an ass mam Buchpräis belount ginn. Geplangt war de Gléckspak also net, et huet sech einfach sou erginn, wéi dat bei de schéinsten an authenteschste Projeten oft de Fall ass.

Am Pressedossier steet, dass dëse Film „spontan“ entstan ass, dobäi ass, soubal eng Kamera am Spill ass, dat Meescht alles anescht ewéi „spontan“…
Yann Tonnar: Eigentlech dach. Vü dass een hautzedags ka gutt Filmopnahme mat engem digitale Fotoapparat maachen, kann een a bestëmmte Fäll ganz spontan entscheeden eppes ze filmen, an dat dann duerchzeien ouni grousse Budget, an ouni grouss Equipe, wann ee bereet ass an deene finanzielle Contrainten ze schaffen. Et huet sech deen Ament wou mer ugefaang hu mat filmen och gutt getraff, dass sech grad esou spontan en Amateurfilmer, den Tom Brucher, gemellt hat, fir eis beim Tournage ze hëllefen. Fir d’Tounopnam si mer d’selwescht virgaang, an hu just mat engem klengen Opnamgerät ge-schafft. Doriwwer eraus ware mer mat engem klenge Fotoapparat an deene klengen Bistroen mei diskret. Eng gréisser Equippe, mat vill Material, hätt riskéiert déi intim Ambiance vum Concert ze zerstéieren, woubäi et beim Filme grad drëm gaang ass, déi Ambiance anzefänken, an dem Zuschauer d’Gefill ze ginn dass e selwer am Bistro sëtzt.Wat allerdings net esou spontan ass, ass alles wat nom Filme kënnt, also déi ganz Postproduktiounsaarbecht, vum Bildschnëtt, mee och an desem Fall ganz besonneg d’Veraarbechte vum Toun. Grad doduercher dass mer den Toun mat einfache Mëttelen opgeholl hunn, hate mer emsou méi Aarbecht häerno, fir deen Toun ze verbesseren. Do waren de Serge a Legotrip nach zimlech gefuerdert, an d’Resultat léisst sech – denken ech – unhéieren.

Serge, beim Film féiert Äre Brudder Yann, deen ënner anerem d’Documentairen „Weilerbach“, „Schreebergaart“ a „Mir wëllen net bleiwen“ realiséiert huet, Regie. Firwat hutt Dir grad hie mat deem Projet betraut?
S.T.: Soss wëll kee méi mat mir schaffen (laacht). Nee, am Eescht, dat ass spontan opkomm a mir wossten allenzwee am Ufank net, wat häerno derbäi erauskomme géif. A well mer Bridder sinn, deele mer wuel eng Rei Erfahrungen a Sensibilitéiten, dofir wär och soss keen a Fro komm.

Géingt Dir Äre Film dann éischter als en Documentaire iwwert d’Tournee oder éischter en Zäitdokument iwwert de Phänomen „Bopebistro“, deen um verschwannen ass, ugesinn?
S.T.: Et ass déi zwee, also e Stroossefilm (alias Road-movie) iwwert eis Tournee, mat vill Musek, an dertëscht Gespréicher mat de Wiertsleit iwwert hir Situatioun an hir Erënnerungen. An dann ass et e Film mat Honnerte vu Gesiichter, denen aus dem Publikum, déi schéin ze kucke sinn, an enger Rëtsch magesche Momenter, déi de Monteur Marc Recchia aus dem Réimaterial zesummegezaubert huet.

Y.T.: „Sowohl als auch“: Ech muss soen dass ech zimlech stolz sinn ob déi eenzegaarteg Mëschung tëscht musékaleschem a gesellschaftlechem Documentaire, déi mer hei verbruecht hunn.

Wéi wäit huet de „grousse“ Brudder dann dem „klenge“ drageschwat, resp. him séng kënschtleresch Fräiheet gelooss – aus dem Projet dat ze maachen, wat en elo ass?
S.T.: Mir hu vill zesummen dru ge-schafft, ma den Opbau vum Film huet de Yann définéiert. An dem Marc Recchia seng Aarbecht um Montage huet nach emol en neie Bléck mat erabruecht. Ech hunn herno nach vill um Toun ge-schafft, well d’Musek ganz graff am Bistro opgeholl gouf. Mir hunn also all d’Instrumenter a Stëmmen nei op d’Biller opgeholl, fir en Toun ze schafen, dee lauschterbar ass, ouni den Originaltoun ewechzeloossen.

Steet an Zukunft nach Weideres am Beräich „Bopebistro“ um Programm?
S.T.: Ma sécher dat. D’Bopebistro-ReTour ass geplangt a wäert an nächster Zukunft lassgon. D’Biller vum Film hu mech a meng Jonge vu Legotrip motivéiert d’Aventure ze widderhuelen, soulaang et nach Bopebistroe gëtt.

Sonndeg, den 23. Februar gëtt dem Yann Tonnar säi Film „De Bopebistro Tour“ um 18.15 Auer an um 21 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg gewisen. Dauer: 69 Minutten. Am Mäerz kennt de Film op DVD eraus.

„Bopebistrobuch“ mat Texter, Reportagen, Fotoen an enger Interviews-DVD, Editions Saint-Paul/MASKéNADA, 152 Säiten, Gebonnen, ISBN: 978-2-87963-897-3, 29 Euro.

Comments

comments

No responses yet

Comments are closed at this time.

Trackback URI |