Jan 02 2012

Film iwwer Schoulsystem: “Ons Educatioun. De sëchere Wee.”

Published by at 01:04 under Articles,Letz,No-Low Budget

SOURCE: http://news.rtl.lu

Film iwwer Lëtzebuerger Schoulsystem: Ons Educatioun. De sëchere Wee.” vum Kollektiv Richtung22 leeft elo fir d’éischt zu Iechternach am Ciné Sura.

Den Timing konnt net besser sinn. Och wann et den Ament, an der Schoulvakanz méi roueg ass ronderëm de Sujet Schoulreform, leeft en Dënschdeg ee Film un, dee vu sengem Sujet hir absolut an déi aktuell Diskussioun passt: „Ons Educatioun. De sëchere Wee.” vum Kollektiv „Richtung22″ leeft ëm 16 Auer fir d’éischt zu Iechternach am Ciné Sura.

Am Film geet et ëm de Schoulsystem, déi Leit, déi an deem System matwierken an ëm déi, déi aus dem System erauskommen. De Schüler Charel brauch, ewéi et an der Beschreiwung vun der Geschicht steet, “glécklecherweis net mat de Portugisen am Technique ze sëtzen”. Firwat déi Provokatioun? Well et déi Viruerteeler ëmmer nach géif ginn, sou de Jacques Schiltz vu Richtung22. Dat misst een och an enger Satire erëmfannen.

De Sujet Educatioun läit dem Kollektiv Richtung 22 ganz besonnesch no, esou de Jacques Schiltz, eleng wéint dem Alter vu senge Memberen. De Kollektiv hätt intern ënnerschiddlech Meenungen zu der Reform vum Schoulsystem. De Film géif eigentlech keng Pro oder Kontra-Positioun anhuelen.

Ons Educatioun. De sëchere Wee. leeft en Dënschdeg 4 Mol zu Iechternach am Kino Sura. Dat ëm 16 Auer, ëm 17.30, ëm 19 an ëm 20.30 Auer. Déi zwou lescht Virstellungen si schonn ausverkaf, an de Film steet vu Februar un integral um Site richtung22.org, wou der och weider Informatiounen driwwer fannt.

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply