Sep 25 2014

Trophées Francophones: Pol Cruchten als beschte Realisateur nominéiert

Published by at 00:13 under Red Lion

SOURCE: http://www.rtl.lu

D’Präisiwwerreechung ass den 3. November zu Dakar. Och nominéiert sinn “Ernest et Célestine” an di Belsch-Lëtzebuergesch Co-Produktioun “Tango Libre”.

De Film vum Pol Cruchten “Never die young” (“Trop jeune pour mourir”) huet schonn de Lëtzebuerger Filmpräiss fir dee beschten Documentaire gewonnen an ass esouguer selectionéiert ginn, fir mat an d’Course ëm d’Oscaren ze goen. Eisen Artikel zu dëser Selektioun aus dem August fannt Dir an der Link-Box! Elo ass de Realisateur also och nach fir d’Trophées Francophones nominéiert ginn. Hei zu Lëtzebuerg leeft “Never die young” vum 24. September un am Kino.

Synopsis:

Basée sur des faits réels, le film raconte l’histoire de Guido Peters, qui a lutté toute sa vie contre sa dépendance à la drogue.

Né le 7 Décembre 1959 à Pétange, il est envoyé en pension à Arlon à l’âge de 12 ans. Trois années d’internat interminables. De retour à Pétange, son comportement change, il devient sauvage et hostile et découvre, à 15 ans, la drogue. De plus en plus dépendant, il se lance dans le trafic d’héroïne. Conséquence directe, il attire l’attention de la police et cinq ans plus tard, il se retrouve dans une situation dramatique. Tentant d’échapper à la police, il saute d’un mur de 8 m de hauteur. Il survit mais reste paralysé. En fauteuil roulant au centre de rééducation, il parvient encore à s’approvisionner. Désespéré, il tente de mettre fin à ses jours, et là encore il échoue. Seul, il décide d’arrêter.

Nieft dem Pol Cruchten ass Lëtzebuerg awer nach ee puer Mol bei den Trophées Francophones nominéiert. An der Kategorie fir déi bescht contribution technique sinn den Emmanuel de Boissieu an de Frédéric Demolder fir de Sound vum Film “Ernest et Célestine” nominéiert. De François Damiens, Acteur an der Belsch-Lëtzebuergescher Co-Produktioun “Tango Libre”, ass fir déi bescht männlech Haaptroll nominéiert an de Sergi Lopez, och Acteur an “Tango Libre”, geet an d’Course ëm déi bescht männlech Nieweroll.
Ma och an der Kategorie vum beschten Zeenario ass “Tango Libre” a Persoun vum Anne Paulicevich a vum Philippe Blasband nominéiert ginn.

Pre-Selektionnéiert awer net zeréckbehale goufen déi 2 Lëtzebuerger Documentairen “Cello Tales” vum Anne Schiltz, zesumme mat Samsa Film, “Naked Opera” vum Angela Christlieb, produzéiert vun Amour Fou an de Court-métrage “22:22” vum Julien Becker.

Comments

comments

No responses yet

Comments are closed at this time.

Trackback URI |