Oct 25 2011

RTL review of HOT HOT HOT

Published by at 01:31 under Letz,Reviews,Samsa

SOURCE: http://kultur.rtl.lu

rtl

Film vun der Woch
HOT HOT HOT vum Beryl Koltz

Jo, och wann ëmmer erëm do baussen iwwer alles gelästert a gemeckert gëtt wat hei am Land geschriwwen, gesongen, produzéiert an inszenéiert gëtt, kënnt awer oft de Beweis, dat mär trotzdem eppes kënnen. An dee Beweis kënnt dës Woch vun der Cinéastin Beryl Koltz, déi mat hirem éischte Spillfilm HOT HOT HOT beweist, dat een och mat relativ wéineg Suen (de Film huet e Budget von 3.5 Milliounen Euro) Geschichten erziele kann, déi iwwert d’Grenze vun onsem Land eraus e grousse Publikum interesséiere kéinten.

Den HOT HOT HOT erzielt aus dem dramatesch-komesche Liewen vum Ferdinand Fairfax. Hien ass e kléngen onscheinbare Mann vun ongeféier 40 Joer, deen nach ni mat enger Fra geschlof huet, deen Angscht viru sengem eegene Schiet huet, deen d’Hëtzt net gär huet, an deen elo muss an enger Sauna schaffen, well den Aquarium am Fräizäitpark wou hie bis elo geschafft huet, renovéiert muss ginn. Fir een dee Moies Angscht huet sech am Spigel ze kucken, sinn déi vill plakeg Kierperen an der Sauna natierlech de Schock fir d’Liewen, an de Ferdinand huet all Problemer vun der Welt fir sech an dësem verschweessten Universum z’integréieren. Mä lues a lues frënd hien sech mat deenen anere Mataarbechterinnen un an hien entdeckt, dat de klenge Willy a senger Box och Loscht huet heiansdo e Liddche matzesangen.

De Film vum Beryl Koltz spillt an England an d’Personnage schwätzen och all Englesch wëll se vun englesche Schauspiller interpretéiert ginn. Obwuel een d’Impressioun huet, et wär een an England, gouf alles hei am Land gedréint, ausser e puer Szenen an der Belsch an am Wallygator-Park bei Metz. Visuell ass de Film eppes wéi eng Bonbonnière aus Technicolor, déi vum geckege Bäcker dekoréiert gouf. An d’Personnagen déi ronderëm de Ferdinand evoluéiere sinn op d’mannst grad sou faarweg – bannen a baussen. D’Nudidéit – also plakeg Leit – spillen och eng immens grouss Roll an engem Film deen – iwwert seng wonnerschéin Liebesgeschicht eraus – och en Opruff zur Toleranz ass vis à vis vu Fraen a Männer, déi net mat engem Venus- oder Adoniskierper op d’Welt koumen an déi awer d’Recht op Gléck hunn.

D’Musek spillt och eng eminent wichteg Roll an engem Film wou een ëmmer nees d’Impressioun huet, dat d’Personnage gläich ufänke géifen ze sangen an ze danzen (wat se dann och heiansdo maachen) an d’gutt Laun vun dëse Personnage spréngt och schnell op de Publikum iwwer, deen éischtens Loscht kritt, an d’Sauna ze goen, zweetens mat sangen an danzen well, an deem – drëttens – seng Libido och ouni Viagra gekëddelt gëtt.

HOT HOT HOT ass wierklech e coole, coole, coole Film.

Jemp Thilges

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply