Feb 05 2015

Film vun der Woch: MAMMEJONG

Published by at 00:33 under Lucil Film,Reviews

SOURCE: http://www.rtl.lu

De Philippe genannt “Flëpp” huet 20 Joer. Zënter dem Selbstmord vu sengem Papp wunnt hien alleng mat senger Mamm, dem Sophie, 45 Joer, där hien an hirer klenger Epicerie bei der Aarbecht hëlleft. Nom trageschen Doud vun hirem Mann gouf d’Sophie mat der Zäit manesch-depressiv a si huet Gefiller fir hire Bouf un den Dag geluecht, déi wäit iwwer dat eraus ginn, wat een als Mammegefiller ka bezeechnen. Et kënnt och scho vir, datt de Flëpp am selwechte Bett schléift wéi seng Mamm, déi nawell ganz jalous ka gi wann eng aner Fra hirem Fils ze no kënnt. Well déi quokeleg Relatioun tëscht Mamm a Jong am Duerf bekannt ass, gëllt de Flëpp och als Stoussnéckel vu senge “Komeroden”, déi hien “Flapp” anstatt Flëpp nennen. Enges Daags daucht dat 19 Joer alt Leena am Duerf op, en attraktivt a liewensfrout Flüchtlingsmeedchen aus Bosnien, dat dem Flëpp seng Hormonen nawell schéin duerchernee bréngt an d’Sophie op de Bam dreift, well hatt fäert, säi Philippe kéint et alleng loossen a mam Leena fortgoen…

Ee vun de leschten Tabuen, déi nëmme ganz seelen am Kino behandelt ginn, ass den Inzest. Et gehéiert also schonn e gewësse Courage derzou fir direkt mat sengem éischte Spillfilm dës quokeleg Thematik unzepaken. De Jacques Molitor huet et mat MAMMEJONG gewot, op de Risiko hin en Deel vum Publikum ze schockéieren, well mer hei am Land sou e Kascht nëmme seelen an “eisen” Filmer servéiert kréien. Filmer iwwert den zweete Weltkrich oder Kriminalfilmer schéin a gutt, mä et ass wichteg, dat eis Cineaste sech och mol u méi komplizéiert Themen eru woen. Dat war virun 23 Joer bei “Hochzäitsnuecht” vum Pol Cruchten de Fall, wou et ëm Droge gaangen ass, grad sou wéi 2009 am “House of Boys” vum Jean-Claude Schlim, wou vun AIDS rieds goung. A e puer Woche kënnt och dem Donato Rotunno säin “Baby(a)lone” an de Kino, dee sécher och fir Opreegung suerge wäert.

De Jacques Molitor provozéiert säi Publikum nawell gär, wat him hei dann och gelongen ass. Wann een natierlech sou en hysteresche Personnage wéi deem vum Sophie inszenéiert, exposéiert ee sech natierlech och der Kritik. De MAMMEJONG huet deemno an der Lëtzebuerger Press net nëmmen Zoustëmmung fonnt, wat jo eigentlech och normal ass wann ee sou staark op Gefiller baut. Ech fir mäin Deel bewonneren de Courage vum Myriam Muller, dat déi geféierlech Roll mat Leif a Séil spillt an net zéckt, fir bis un d’Hysterie aus sech erauszegoen. Als Kontrapunkt zu senger explosiver Mamm spillt de Max Thommes de Flëpp ganz nuancéiert an zeréckhalend, hie beweist hei dat e gudde Schauspiller an him stécht. D’Revelatioun vum Film ass allerdéngs déi jonk Actrice Maja Juric (hat kënnt vu Sarajevo), déi Liewen an déi scleroséiert Welt vum Flëpp a vum Sophie bréngt a schlussendlech derzou bäidréit, dat de Flëpp sech lues a lues vu senge Fessele befreit.

Et sinn e puer Niewenhandlungen am Film bei deenen een d’Gefill huet, si wiere beim Endmontage gekierzt ginn – do hänken déi eng oder aner Saach an der Loft. Iwwerhaapt ass mer de Film mat 85 Minutten eng Grimmel ze kuerz virkomm – mä léiwer ze kuerz wéi ze laang. MAMMEJONG ass deemno sécher kee perfekte Film, mä et ass op jidder Fall e weider Schratt a Richtung vun engem Lëtzebuergesche Kino, dee méi a méi erwuesse gëtt.

Jemp Thilges

Comments

comments

No responses yet

Comments are closed at this time.

Trackback URI |