May 13 2011

We might as well fail: Yeeh

Published by at 01:33 under Letz,Reviews

SOURCE: http://sheepthoughts.wordpress.com

sheepthoughts

En ass virun e puer Méint ënnert dem Numm Rock-Doc gewise ginn a leeft säit dem 6. Mee am Utopolis. Respekt scho mol dofir.

Mee Respekt och fir e Film dee mer déi Biller gewisen huet déi ech ëmmer gesicht hunn. Ech wollt Jugendlecher iwwert hir Zukunft schwätzen héieren an ech wollt Net-méi-sou-Jugendlecher héieren iwwert hir Chancen diskutéieren. Dass de Film eng définéiert Period beliicht, nämlech de Summer 2008 ass intressant well een di deemoleg Situatioun mat haut vergläiche kann a sollt, et huet sech nämlech verschiddenes geännert. No enger gudder halwer Stonn huet mäi Sëtznoper bemierkt dass kee géing am Film laachen. Domat huet en net Onrecht, eng prekär Situatioun bei Miaow Miaow, eng dohindümpelndCarrière bei ET an de schlussendlech läschte Concert vun defDump zeechne kee Bild vun enger vitaler Szen mat grousse Chancen. An dach…

De Film bréngt eriwwer wéi d’Musek, méi wi d’Musekscarrière souguer an dem lëtzebuerger Klima iwwerliewe kann. Och wann di dräi Bands eng méi wi oppen Zukunft hunn, sou hunn se awer eng gudd Vergangenheet. Ze schnell vergësst ee wou defDump iwwerall waren ier se opgehaal hunn. Dat ass iwwregens en nationalt Verhale wat net nëmmen an der Musek ze fannen ass, mer denken do nëmmen un d’Enttäuschung wann d’Schlecken – alt erëm – nëmmen Zweet gouffen.

Mir hunn hei eng gewëssen Idee vum Succés an deen ass keen, sou denke mer wann en net och e finanziellen ass. Ass Plaz am Tourvan fir e Plang B? Oder hätten d’Elteren hinnen och kënnen direkt soen dass se dono Schoulmeeschter ginn? Einfach mol awer probéieren ass net di eenzeg Äntwert.

Dat op alle Fall sinn e puer Froen déi gestallt ginn. Mee et ass net nëmmen déi Diskussioun déi ech wollt gesinn, et sinn och déi epesch Biller vun Eternal Tango um Bolzplatz, der Dekonstruktioun op der Schmelz an de Biller vun de Stroossen am Süden. D’Schlusssequenz op der Fouer, dem Lëtzebuerg en miniature wou all d’Acteuren aus dem Film sech treffen ass sou sënnvoll wéi se nëmme kéint sinn. Eng Plaz wou sech all Mënsch trëfft a jugéiert a wou ee muss Rechenschaft oflee’e fir séng alljoerlech Aktivitéit, wou ee vläit Gléck huet. Oder net.

A mëscht een de Verglach tëscht 2008 an elo, da gesäit et jo guer net mol sou schlecht aus. Nei Labels, Bands, Studio’en a Produzenten hei am Land loossen op eng professionaliséiert Zukunft hoffen. We might as well fail fillt sech vläit u wéi Hierscht, mee lo ass Fréijoer!

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply