Feb 09 2014

Jonk, dynamesch, kritesch

Published by at 01:50 under Richtung22

SOURCE: http://www.journal.lu

Richtung22 fënnt ëmmer potenziell Themen – Neie Film „Sitcom“ ass online

Richtung22 ass ee jonken, onofhängege Kollektiv, dee souwuel Film- wéi och Theaterbegeeschterter zesummebréngt, fir gemeinsam Projeten ze verwierklechen. Mëttlerweil gi véier Filmer a véier Theaterstécker op d’Kap vun de jonke Leit. Ganz aktuell: De Film „Sitcom“. Mir wollte méi gewuer ginn an hunn eis mat de „Maacher“ ënnerhal. De Grupp besteet iwwregens aus Studenten aus ganz ënnerschiddleche Fachberäicher.

Wat sinn eigentlech är Ambitiounen?

Richtung22 Laangfristeg natierlech d’Weltherrschaft. Mëttelfristeg wëlle mir d’Monarchie ofschafen, mä dat ass geheim. Also soe mir ëmmer, et wier scho mol e gudden Ufank, wa mir dozou bäidroen, datt wichteg Froe méi breet diskutéiert ginn. Doranner gesi mer och den Zweck vun eiser Aarbecht: Amplaz déif an déi lokal Kulturzeen ënnerzedauchen a sech dobäi just ëm sech selwer ze dréinen, wëlle mir d’Konscht aus hirem elitären Eck an d’Mëtt vun der Gesellschaft huelen. Gegrënnt gouf de Grupp iwwregens och als Initiativ, fir Kräfte vu Jonken zesummenzeschléissen, amplaz jiddwereen eenzel säi Wee an d’Professionaliséierung duerch de Konschtdschungel schloen ze loossen. Richtung22 ass iwwer dei lescht Jore gewuess. 30 Leit kéint een zum feste Kär zielen, bei de Filmer sinn awer mëttlerweil bis zu 80 bedeelegt.

Dir sidd en onofhängege Kollektiv, ass dat e Virdeel?

Richtung22 Onofhängeg ze sinn, heescht fir eis éischtens mol, eis Meenung net wéinst dem Verloscht vu strategeschen oder finanzielle Virdeeler änneren oder ofschwächen ze mussen. Dat ass natierlech fir eis „Konschtform“ Satire a politesche Cabaret essentiell. Dacks fënnt een an der Lëtzebuerger Kulturzeen ee „vorrauseilenden Gehorsam“, well Connections a Relatiounen iwwerliewensnoutwenneg ze si schéngen. Mir wëllen awer een neien Zougank zu Theme fannen, kënschtleresch Mëttel nei asetzen an eis net a schonns etabléierte Strukturen eropschaffen an upasse mussen. Kënschtleresch gesinn ass eng méiglechst grouss Onofhängegkeet also e Virdeel. A finanzieller Hisiicht ass een am Kultursecteur natierlech ni richteg onofhängeg, allerdéngs ass et eng Fro vun Attitude, wéi een dëser Form vun Ofhängegkeet entgéint trëtt. Grad och dowéinst war et eis wichteg, an eisem neie Film „Sitcom – De Film“ d’Thema Filmbusiness a prekär Beschäftegung vu Jonken ze kombinéieren, fir eis ganz kloer och no baussen ze positionéieren an op Problemer opmierksam ze maachen, déi duerch d’Ofhängegkeet an deem Secteur entstinn.

Trotzdeem leeft bei iech alles relativ professionell of?

Richtung22 Professionell? Dat ass eng Ënnerstellung! Mä am Eescht… Mir hunn an der Regel méi wéi eemol d’Woch eng Reunioun, an där mer eis ëm d’Gestioun vum Grupp, d’Schreiwe vum Dréibuch oder vum Theaterstéck, d’Erstelle vum Dréiplang, d‘Ëffentlechkeetsaarbecht, asw. këmmeren. Eng Rei Leit vun eis hu scho professionell Erfahrunge gesammelt oder studéieren an de Beräicher Film an Theater, a
bréngen hiren Know-How. Datt mir sou séier Projeten realiséiere kënnen, läit um immens gudden Teamgeescht vum Grupp an eiser Aarbechstweis, déi sech ebe grad vun där vu professionelle Produktioune wiesentlech ënnerscheed. Mir hu keng Regisseuren oder Produzenten, d’Verantwortung dréit ëmmer de ganze Grupp.

Dir wëllt jo keng Suen mat äre Projete maachen?

Richtung22 Mir sinn der Meenung, datt Kultur kee Produit däerf sinn, a mir kritiséieren d’Tendenz, d’Filmproduktioun zu engem grousse Geschäft, dat sech u kommerzielle Regelen orientéiert, ze maachen. Et geet eis drëm ze weisen, datt Film, an och Theater, aner Weeër goe kënnen, wéi déi, déi am Moment dacks ageschloen ginn. Dat féiert natierlech an der Konsequenz zu Attituden, déi net sou gäre gesi ginn an eisem Milieu, z.B. eisem Plädoyer, fir Filmer online zougänglech ze maachen, an d’Copyright bei Filmer a Fro ze stellen. Eis geet et ëm den Inhalt an dorëms dat ze maachen, wat mir gäre maachen a wat déi bescht Méiglechkeet fir eis ass, eis an d’Gesellschaft anzebréngen an Leit z’erreechen. Film an Theater sinn eise Moyen, fir eis anzemëschen, aktiv ze ginn.

Wou huelt dir är Themen hir?

Richtung22 U potenziellen Theme feelt et eis wierklech net. Fir eis stellt sech éischter d’Fro, wéi eent vun den Theme wiele mer aus, wéi eent ass grad wichteg. Matt der Wiel vum Thema entscheede mer u sech, zu wéi enger Fro mir onbedéngt lo eppes soe wëllen, eis äussere wëllen. Mir wëllen aktiv ginn an den Diskussiounen, déi eis wichteg erschéngen. All Saison wiele mir op eiser Generalversammlung d’Thema vum Joer, dat da souwuel zum Sujet fir d’Theaterstéck wéi och fir de Film gëtt. Matt eisem éischte Film „Ons Identitéit – Mir hu se fonnt“ wollte mer eng Äntwert zu neiem Nationalismus a xenophoben Tendenzen formuléieren. „Ons Educatioun“ war de Versuch, an der festgefuerener Debatt iwwer d’Schoulreform grondsätzlech Froen op den Dësch ze bréngen. De Film „Onst Gewëssen“ huet Räichtum zum Sujet.

Ëm wat geet et an deem neie Film?

Richtung22 Matt dem neie Film gi mer u sech virun der eegener Dier kieren. Mir hunn e Film iwwer Jonker an d’Afro-stelle vun hiren Idealer bei der Sich no enger Aarbecht gemaach, an dat Ganzt spillt och nach am Filmsecteur. Déi Jonk am Film plangen, mat engem Documentaire eng Firma ze entlarven, déi extreme Loundumping mat Jonke bedreift.
Allerdéngs gi si vum DeMonni, engem mafiéise Filmproduzent an eng Fal gelackelt: Amplaz datt hir Projeten ënnerstëtzt ginn, gi si dozou forcéiert, eng Sitcom ze realiséieren. Immens gefreet, huet eis bei dësem Film d’Bereetschaft vun de lokale Sitcomstars, Tommy Schlesser, Konstantin Rommelfangen a Julie Kieffer aus „Comeback“ an de Luc Lamesch aus „Weemseesdet“ mat u Bord ze kommen, a sech an hirer aler Roll ze parodéieren. De Konstantin an de Luc gehéieren scho vun eisem éischte Film u fest zur Crew.

Wäerten iech d’Iddien iergendwann eng Kéier ausgoen?

Richtung22 Dat hate mir beim Regierungswiessel och gefaart. De Moment ass zesumme mat eise Lieblingsgéigner och eng ganz Liewensattitude an d’Oppositioun gewiesselt, déi eis dacks inspiréiert huet. Mä sou lues fänkt och déi nei Regierung un, eis genuch Material fir déi nächst Joren ze liwweren. Fir datt eis d’Iddien ausgoe géifen, misst sech entweder déi gesellschaftlech Realitéit ganz substantiell veränneren oder mir misste selwer sou ugepasst an hypokritesch ginn, datt eis näischt méi ronderëm stéiert, an datt mer mat Steiergelder den Auto fir d’Vakanz volltanken.

Kann een nach bei iech matmaachen?

Richtung22 All jonke Mënsch iwwer 18, dee sech mat den Ziler vum Grupp identifizéiert, kann eis eng Email schreiwen an dann am Summer scho bei de Projeten dobäi sinn. Mir
maache keng Selektioun, ausser et handelt sech ëm al Leit, déi an der Pensioun keng ze dinn hunn a sech an der Chamber langweilen. Alles wat ee brauch, fir matzemaachen, ass Teamgeescht a Freed un der Saach. Ween de Film gesinn huet, weess, datt bei eis Talent an Ausbildung keng Mussesaache sinn.

De Film a weider Infoe fënnt een op richtung22.org

Comments

comments

No responses yet

Comments are closed at this time.

Trackback URI |