Sep 30 2012

Christophe Wagner – 28. September 2012

Published by at 18:42 under Samsa

Hei fënnt een den Interview mam Christophe Wagner: http://radio.rtl.lu

wagner

E jonke Polizist gëtt mat enger Kugel am Kapp fonnt. Wat ass geschitt? D’Lëtzebuerger Police ass gefuerdert a setzt déi bescht Leit op d’Enquête. D’Spuere féieren op divers Pisten.

Dat ass d’Geschicht vun „Doudege Wénkel“, dem Lëtzebuerger Krimi, deen d’nächst Woch an eise Kinossäll uleeft.

Et ass dat och den éischte Fiktiouns-Long-Métrage vum Christophe Wagner, deen och mat um Dréibuch geschriwwen huet.

„Doudege Wénkel“ versprécht Spannung fir de Spectateur am Kino a Spannung fir de Realisateur, deen op de Feedback vum Publikum waart. Wat si seng Erwaardungen a wat seng weider Projeten, doriwwer geet Rieds mam Christophe Wagner e Freideg tëscht 12 an 1.

“De Freides-Invité”: All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg.

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply