Sep 14 2014

“Eng nei Zäit”

Published by at 01:08 under Samsa

SOURCE: http://www.rtl.lu

Mir ware beim Tournage vum Lëtzebuerger Long-Metrage derbäi
D’Dréiaarbechte fir „Eng nei Zäit“ vum Christophe Wagner, dem Regisseur vum erfollegräiche Long-Metrage „Doudege Wénkel“, si voll um Lafen.

De Film spillt direkt nom 2. Weltkrich a gedréint gëtt virun allem am Norde vum Land. D’lescht Woch gouf eng grouss Hochzäitszeen bei der Schleefmille gefilmt.

Filmer iwwert den 2. Weltkrich ginn et der vill, awer ee Sujet, dee weder zu Lëtzebuerg nach am Ausland dacks traitéiert gouf, ass déi sougenannten Nokrichszäit. De Spillfilm „Eng nei Zäit“ vum Christophe Wagner beschäftegt sech mat genee dësem Iwwergangsmoment an der Lëtzebuerger Geschicht a werft eng Partie interessant Froen op.

Haaptpersonnage am Film ass de Jules Ternes, gespillt vum Luc Schiltz. Et ass e jonke Lëtzebuerger, deen a Frankräich am Maquis matgekämpft huet a nom Krich a säin Duerf zeréckkënnt. De Jules ass frou fir nees doheem ze sinn an hofft, säin aalt Liewen nees esou weiderféieren ze kënne wéi virdrun. Séier mierkt hien awer, dass dat onméiglech ass … D’ Situatioun a sengem Heemechtsland ass no 4 Joer Besatzungszäit onstabil an d’Gesellschaft dividéiert.
Och a sengem direkten Ëmfeld hu sech vill Saache verännert. Seng deemoleg Frëndin Léonie ass mat engem neie Mann zesummen a säin ale Beruff kann en net méi ausüben: De Comptable, bei deem e fréier geschafft huet, e Judd, gouf deportéiert. Duerch säi Futur-Schwoer kënnt en an d’Gendarmerie, an do gëtt en an eng Enquête vun engem 5fache Mord verwéckelt.

D’Lëtzebuergesch-belsch Co-Produktioun baséiert op engem reellem Evenement aus dem Joer 1945, dem sougenannte Fall Bernardy, bei deem eng däitsch Bauerefamill bei Ettelbréck op hirem Haff ermuert gouf.

D’Zeenaristin Vivianne Thill huet sech fir dës Geschicht interesséiert an zesumme mam Christophe Wagner eng Fiktioun entwéckelt, déi wéi e Krimi opgebaut ass a gläichzäiteg den historesche Kontext aus där Zäit beliicht. De Film gëtt also mat Spannung verzielt, wéi beim Long-Metrage „Doudege Wénkel“ gëtt eng Enquête gefouert. An engems soll den Zuschauer en differenzéierten Abléck an déi onroueg a komplizéiert Lëtzebuerger Nokrichszäit kréien.

Ee Personnage aus dem Film, deen dës Epoche matrepresentéiert, ass den Armand, gespillt vum Jules Werner. Den Armand war a sengem Duerf an der Resistenz aktiv.

Den Armand gëtt am Film mam Mathilde bestuet, dem Haaptpersonnage Jules seng Schwëster. Déi jonk Actrice Eugénie Anselin spillt dat staarkt pragmatescht Mathilde.

De Virgängerfilm vum Christophe Wagner „Doudege Wénkel“ hat eng éischter däischter Billersprooch am Stil vum Film noir. Fir säin neie Film huet de Regisseur eng ganz aner Approche gewielt. D’Esthetik ass eng ganz aner, mat vill Natur, vill Luucht …

De Budget vun der Lëtzebuergesch-belsch Co-Produktioun „Eng nei Zäit“ beleeft sech op 3,5 Milliounen Euro. Et ass déi éischte Kéier, dass bei engem Film deen op Lëtzebuergesch gedréint gëtt, auslännescht Kapital mat dran ass. Dowéinst ass awer och virgesinn, eng franséisch doubléiert Versioun ze maachen, fir dem Film eng Chance a franséischsproochege Länner ze ginn.

Op de Lëtzebuerger Long-Metrage „Eng nei Zäit“ kann een also op alle Fall gespaant sinn. D’Sortie ass fir den Hierscht 2015 geplangt.

Méi Informatiounen iwwert de Film fannt dir um Site www.engneizait.lu an och op Facebook.

Comments

comments

No responses yet

Comments are closed at this time.

Trackback URI |