Oct 15 2012

Film vun der Woch: Doudege Wenkel

Published by at 01:42 under Samsa

SOUCRE: http://kultur.rtl.lu

All Mënsch deen hei zu Lëtzebuerg Zeitung liest, de Radio lauschtert oder d’Televisioun kuckt dierft mëttlerweil matkrut hunn dat dëse Mëttwoch en neie lëtzebuergesche Film am Kino ugelaf ass, deen hei zu Lëtzebuerg spillt an deen och gréisstendeels op Lëtzebuergesch geschwat ass. Ech schreiwen a schwätze schonn zënter dem Ufank vun den 1980er Joren iwwer d’Evolutioun vu “Kino made in Lëtzebuerg” a ka mech u kee Moment erënneren wou sou vill an och sou vill Positives iwwer ee vun “eisen” Filmer gesot a geschriwwe gouf. Dat am Fong geholl Negativst wat ech iwwer de Film gelies hunn, ass dat et sech ëm e gudden “Tatort” handelt – do muss ech natierlech direkt protestéieren, well wann “Tatortfilmer” Sardinne sinn, dann ass dem Christophe Wagner säin “Doudege Wénkel” carrément Saumon, oder firwat net och Kaviar.

Et gi Kriminalfilmer wéi Sand um Mier an an der ganzer Welt, vu Schweden mam Wallander iwwer Italien mam Commissario bis an Amerika mat all deene Wëllen, déi bei all Millioune schwéiere Film e ganze Parking voller Autoen an de Koup fuere mussen, just well d’Produzente mengen dass de Popcorn-Publikum dat esou wëll. Vis-à-vis vun deier Milliarde schwéierer Konkurrenz aus Hollywood ass et natierlech schwéier fir eng butzeg Produktioun aus Lëtzebuerg mat engem Budget vu knapp 2.5 Milliounen Euro sech ze behaapten, mä es ass dem Christophe Wagner, sengem Co-Auteur Fred Zeimet an dem Produzent Claude Waringo vu Samsa Film mat Hëllef vun enger Super-Equipe vun Techniker a Schauspiller e Krimi, jo e “film noir” ze dréien, dee wäit méi ass wéi nëmmen eng formidabel Visitëkaart fir e Regisseur deen nach ni e Spillfilm gedréit huet.

Fir dech ze demarkéiere muss de anescht si wéi di aner, an dat ass den “Doudege Wénkel” op jidder Fall. Schonn alleng wéi de Christophe Wagner Lëtzebuerg an Szen setzt, ass anescht – en hëlt déi méi oder wéineg traditionell Postkaartemotiver wéi d’Schueberfouer, d’Alstad , de Kierchbierg, de Boulevard Royal, d’Place d’Armes oder d’Philharmonie an dréint dat Ganzt op d’Kopp an enger Aart a Weis wéi sech bis elo nach keen Cineast hei am Land getraut huet. Dat d’Produktioun et fäerdeg bruecht huet och eis Polizei intensiv um Tournage ze bedeelegen obwuel d’Geschicht net nëmme positiv Flicke weist , ass och eng Leeschtung op déi ee soll hiweisen.

Wann ech am Feierkrop geschriwwen hunn dat den “Doudege Wénkel” déi “rëffeg Säit vu Lëtzebuerg” mat abaut, dann heescht dat dass hei och fir déi éischte Kéier an der Handlung Saache wéi Geldwäsch, schif Bankgeschäfter, Bréifkëschtefirmen, Drogekonsum an -handel, Prostitutioun, Zouhälterei a Korruptioun bei der Polizei a gebëndelter Form an en Dréibuch agefloss si fir e Film deen trotz sengen negative Connotatiounen fir eist Land mat Enthusiasmus vum Filmfong a vum Fränz Biltgen ënnerstëtzt gouf, deen eis Sprooch am Kino wëll méi an de Virdergrond réckelen. Iwwer d’Handlung vum Film wëll ech eigentlech näischt erzielen, wëll et sech ëm eng zimlech komplex Geschicht vu Verrot an “abus de confiance” handelt, vun deier ee vu vir eran sou wéineg wéi méiglech wësse sollt. Et soll just gesot sinn dat de Film vill méi déif kraazt an och vill méi wéi deet wéi eng ganz Hickecht vun auslännesche Kriminalgeschichten.

Op mat Hëllef vun de d’Biller vum Jako Raybaut, dem Toun vum Carlo Thoss, der Musek vum André Mergenthaler, deene mat Momenter quasi geniale schauspilleresche Leeschtunge vum Jules Werner oder Änder Jung – de Christophe Wagner huet seng Feierprouf mat Brio bestanen an e Film ofgeliwwert, op dee mer alleguer verdammt houfreg kënne sinn, wëll eisen nationalen, op lëtzebuergesch geschwate Kino ass elo och op deem Punkt ukomm, deen déi international Koproduktiounen déi bei eis am Land entstinn, schonn eng gewëssen Zäit erreecht hunn. Et ass just ze hoffen dat den “Doudege Wénkel” och dat grousst Publikum fënnt, dat e verdéngt huet.

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply