Aug 22 2012

Caramba: D’Kinosgesellschaft declaréiert Faillite

Published by at 13:51 under Screening Room

SOURCE: http://kultur.rtl.lu

Nodeems den Direkter vu Caramba ufanks Juli matgedeelt hat, datt d’Gesellschaft vu Belval zeréckzitt koum um Mëttwoch d’Noriicht vun hirer Faillite.

Raymond Massard, Direkter vu Caramba.

Caramba hätt an deene leschten 3 Joer vill Verloschter gemeet, esou den OGBL an engem Communiqué un d’Press an hätt d’Paie vum Mount Juli an August net konnte ganz ausbezuelen.

Caramba s.à.r.l huet sech doropshi gezwonge gesinn d’Faillite ze declaréierten. Den OGBL bedauert natierlech dës Demarche, a wäert d’Personal esou gutt et geet ënnerstëtzen. Eng Versammlung mam Personal ass och kuerzfristeg an d’Liewe geruff ginn.

D’Kinossäll vu Belval gi jo zanter kuerzem vu “Ciné Belval” bedriwwen, deen iwwregens och en Deel vum Caramba-Personal iwwerholl hunn.

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply