Feb 12 2011

Ciné Surra: Nei Projete sollen erëm méi Leit unzéien

Published by at 01:54 under Articles,Screening Room

SOURCE: http://kultur.rtl.lu/kulturpur/news/94377.html

D’Joer 2010 war kee gutt Joer fir de Ciné Surra vun Iechternach. Dat neit Joer soll rëm méi Leit op Iechternach bréngen. Hëllefe soll de Projet Autokino.

Dat schlecht Wieder iwwert de Summer, während dem Open Air Kino an déi net esou attraktiv Filmer waren e Grond fir de Réckgang vun de Visiteurszuelen, esou déi Offiziell vum Ciné Surra.
De Projet Open Air, dee viru 6 Joer zu Iechternach um Séi am Summer an d’Liewe geruff gouf, ass 2010 wuertwiertlech an d’Waasser gefall.
Dowéinst ass den Datum vum Projet an dësem Joer virverluecht ginn a fänkt direkt mam Start vun der Summer Vakanz, de 15. Juli un.

1 Woch, all Dag en anere Film ënner fréiem Himmel.

Fir den Traditiounskino, deen dëst Joer säin 20 Gebuertsdag feiert, erëm méi attraktiv ze maachen ass dann och d’Projektiounstechnik op HD an 3D verbessert ginn.

E Revival soll Lëtzebuerg Enn Abrëll mam Autokino erliewen. Déi neiste Filmer gemittlech a virun allem ongestéiert am Autossëtz erliewen an de Sound iwwert de Radio genéissen.

Déi Responsabel si jiddwerfalls zouversiichtlech fir 2011.

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply