Jan 11 2013

Filmer 2012: “Skyfall” mat Ofstand Nummer 1 zu Lëtzebuerg

Published by at 01:07 under Screening Room

Bei de Lëtzebuerger Produktiounen hat “Doudege Wénkel” d’lescht Joer d’Nues vir – mat iwwer 20.000 Spectateuren, war alles an allem eng 12. Plaz bedeit.

“En termes d’exploitation cinématographique” wier 2012 e gutt Joer gewiescht, esou d’Fédération Luxembourgeoise des Exploitants de Cinémas (F.L.E.C. asbl) um Donneschdeg Nomëtteg an hirem Bilan.

Virun allem de Schluss vum Joer hätt ee wichtege Kick gehat, an dat virun allem wéinst engem Film: Skyfall! Den James-Bond-Thriller ass dann och vum Lëtzebuerger Public, genee wéi vun der internationaler Kritik, plebiszitéiert ginn. Den 23. Bond-Episod huet bannent 6 Woche bal 80.000 Leit an d’Kinossäll gelackelt an huet domat de Box-Office zu Lëtzebuerg genee sou wéi am Ausland dominéiert.

Et wier dovun auszegoen, esou d’FLEC, datt “Skyfall” et bis op déi 2. Plaz am All-Zäit-Klassement packt – hannert “Titanic”.

Alles an allem goufen et 2012 zwar manner Filmer, déi iwwer 30.000 Spectateuren haten, ma am Total bleift de Chiffer stabel par rapport zu 2011.

Hei déi 20 meescht gekuckte Filmer zu Lëtzebuerg am Joer 2012:

1) SKYFALL* 77.000
2) ICE AGE 4: CONTINENTAL DRIFT 42.500
3) TED 33.900
4) MADAGASCAR 3: EUROPE’S MOST WANTED 33.700
5) THE DARK KNIGHT RISES 31.600
6) THE TWILIGHT SAGA: BREAKING DAWN PART 2 28.500
7) THE HOBBIT: AN UNEXPECTED JOURNEY* 25.500
8) INTOUCHABLES 24.800
9) THE AVENGERS 21.300
10) THE HUNGER GAMES 20.700
11) MEN IN BLACK 3 20.600
12) DOUDEGE WENKEL* 20.100
13) AMERICAN REUNION 18.700
14) BRAVE 18.000
15) THE AMAZING SPIDER-MAN 17.700
16) SHERLOCK HOLMES: A GAME OF SHADOWS 13.500
17) THE EXPENDABLES 2 13.400
18) SNOW WHITE & THE HUNTSMAN 13.300
19) ALVIN AND THE CHIPMUNKS 3: CHIPWRECKED 12.900
20) ASTÉRIX ET OBÉLIX: AU SERVICE DE SA MAJESTÉ 12.500

* Den Asterisque heescht, datt de Film och 2013 nach ëmmer leeft.

Och wat Lëtzebuerger Produktiounen a Co-Produktiounen ugeet, war 2012 ee gudde Cru, mat un éischter Plaz dem Police-Film “Doudege Wénkel”, dee jo och op der 12. Plaz insgesamt lant.

Op der Plaz 24 (vun alles an allem 284 Sortien 2012) steet do deen zweete Lëtzebuerger Film: “Schatzritter”.

Am Verglach zu 2011 konnt de “Lëtzebuerger Kino” seng Zuele méi wéi verduebelen.

Déi Lëtzebuerger Top 5:

1) DOUDEGE WENKEL* 20.150
2) D’SCHATZRITTER AN D’GEHEIMNIS VUM MELUSINA 11.300
3) D’SYMMETRIE VUM PÂIPERLEK 1.900
4) THE ROAD UPHILL 1.800
5) LA BELLE EPOQUE 1.700

“Doudege Wénkel” leeft och 2013 nach ëmmer.

Kuckt een 2011 an 2012 zesummen, da fält deen exzellente Score op vun “Intouchables”, dee mat 62.000 Entéeën op déi 2 Plaz kéim.

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply