Jun 10 2015
Filmowend: WEILERBACH & DE BOPEBISTRO TOUR
SOURCE: http://www.maskenada.lu

MASKéNADA huet 2 Filmer produzéiert: “Weilerbach” (2008) an “De Bopebistro Tour” (2014), allen zwee vum Yann Tonnar.
“Weilerbach” ass ee vun de gréissten Wunnheemer fir Asylbewerber zu Lëtzebuerg. Tëscht der Monotonie vun de Joeren déi se domadder verbréngen op hir Pabeieren ze waarden, an der ënnerschwelleger Angscht vun enger Ausweisung, waarden eng 300 Heembewunner do op d’Opléisung vun engem onentscheedtenem Schicksal. 2 Joer huet de Regisseur 3 Familien an hirem Alldag begleet a versicht de Geescht vun dëser Plaz anzefänken.
“De Bopebistro Tour” ass e Film deen de Serge Tonnar a seng Band Legotrip begleet, bei hirer akustescher Tour 2012 duerch d’Duerfcafé’en vum Ländchen. Mam Camper geet et vun der Stad iwwer Miersch bis op d’Éislécker Koppen. En authentesche lëtzebuerger Film iwwert d’Liewen, den Doud, d’Musek an de Branntewäin.
Wooltz, Méindeg, den 15. JUNI 2015 (19:00)
Friture Henriette um Parking vun der “Place des Martyrs”
Réimech, Mëttwoch, den 1. JULI 2015 (19:00)
Friture Henriette op der Place Dr Fernand Kons
Iechternach, Méindeg, den 13. JULI 2015 (19:00)
op der Kiermesplaz A Kack
Lëtzebuerg, Méindeg, den 27. JULI 2015 (19:00)
Friture Henriette um Glacis
Ouni Reservatioun | € PAY WHAT YOU CAN
De Restaurant ass op!
T (+352) 2748 9382
@ frittefett@maskenada.lu
Comments