Jul 10 2015

Utopia dierft vu Kinepolis iwwerholl ginn

Published by at 09:48 under Screening Room

SOURCE: http://www.rtl.lu

Wéi de Kinosbetrib e Freideg de Moien an engem Communiqué matdeelt, hunn Utopia SA an den internationale Grupp en “accord de principe” ënnerschriwwen.

Deen Accord ass u verschidde Konditioune gebonnen. Utopia géif dann zu 100% an de Group Kinepolis integréiert ginn. Den Hannergrond vun der geplangter Iwwernahm ass net bekannt.

Kinepolis bedreift 35 Kinoen an der Belsch, Frankräich, Holland, der Schwäiz, Spuenien a Polen a géif deemno elo och um Lëtzebuerger Marché Fouss faassen. Fir de Grupp schaffen 2.100 Leit.

Zum Grupp Utopia gehéieren 3 Kinoen zu Lëtzebuerg, 2 an der Stad an een zu Esch, awer och 5 an Holland, 4 an der Belsch an een a Frankräich.

Comments

comments

No responses yet

Comments are closed at this time.

Trackback URI |