Oct 06 2011

Somiretnet

Published by at 03:15 under Letz,TV

SOURCE: http://www.sokrates.lu

sokrates

Somiretnet

Weemseesdet soll d’Idealbild vun enger dysfunktionaler Famill duerstellen, déi am Kär awer eppes Guddes huet. Et ass d’Standardformule vun der amerikanescher Sitcom nom Virbild vum Bill Cosby, Roseanne, Brady Bunch oder Full House. Se funktionéiert nom Prinzip vum gedeelten Misär an versicht eng Relatioun zu sengem Public hierzestellen, andeems se op lëschteg Art a Weis gemeinsam Problemer uschwätzt mat deenen sech d’Zuschauer identifizéieren kennen. Mä méi oft ewéi net, bedeit gedeelt Leed och duebelt Leed an déi nei lëtzebuergesch Sitcom versteet et nach net déi fein Ligne tëschent Problembewältegung an Komedie ze goen. Mat aneren Wieder, d’Personnagen, déi den talentéierten Schauspiller op den Leif geschriwwen goufen, sinn Aarschlächer.

De Fils erpresst säi Papp mat engem peinlechen Handy, pardon, Iphone-Video fir un seng Conduite Accompagnée ze kommen an freet sech ewéi en bejitzten Kichelchen, wéi seng Mamm en mentalen Zesummebroch am Soff erlieft. D’Mamm selwer ass eng psychopatesch Psychologin, déi vun Verantwortungsbewosstsinn priedegt, mä an éischter Reaktioun versicht hiren alkoholiséierten Faux-Pas ze verstoppen an duerno d’Schold op hiren läppegen Mann schiebt. D’Meedchen ass den Archetyp vum granzeg-sarkasteschen Teenie, deen net vun sengem Handy fortkënnt an den almoudeschen Papp ass e verstoppten Alkoholiker, deen just drop wärt, dass seng Aal schlofen ass fir sech en véierfachen Whiskey bei enger Ronn B.B. King an de Kapp ze geheien an an engem pretentiéisen Ufluch vun Intellektualitéit den Fernando Pessoa ze zitéieren.

D’Famill Wampach ass, wéi scho gesot, en Paradebeispill vun der dyfsunktionaler Famill. De Romain Wampach funktionéiert stoesch nom “Father Knows Best Prinzip” an d’Georgette Wampach ass de Paragon vun der positiver Diskriminéierung an der westlech-moralescher Moralsphäre. De Fränz Wampach representéiert den typeschen Nerd mam coolen Kolleg, deen sech virun allem duerch säin Hang zu liichten Drogen an Schécksen definéiert an D’Charlotte Wampach spillt den görenhaften Teenie. Lo fehlt just nach den neigieregen Noper an de Cast ass komplett. Zum Schluss vun der éischter Episode gëtt, zumindest fir béi Elterendeeler, versicht e bëssi aus deem Schema auszebriechen, andeems net nëmmen um Autolack, mä och um Lack vun der Mamm gekraazt gëtt. Leider kennt déi ganz Szeen net glafwierdeg eriwwer, well par Rapport zu den standardiséierten Sitcom-Schablounen kaum charakterlech Eegensubstanz ze fannen ass. Wat hänken bleift, ass net déi shizophren Ambivalenz vum Moralapostel, deen sech selwer net u seng eegen Moral kann halen, mä d’Aarschlachreaktioun vum Fils ouni aléisbar Sympathiepunkten an den lapidaren “Bon” vun der Mamm, déi hier existenziell Kris an 5 Minutten verschafft an hier ethesch- a weltuschaulesch Grondethik um schrottegen Altoer vun enger reliéiser Talkshow-Perséinlechkeet affert.

Villäicht ass et Gesellschaftskritik, déi hei praktizéiert gëtt, mä et ass eng Gesellschaftskritik, déi näischt neies op den Dësch bréngt, well se sech am enken Schema vun der traditioneller Sitcom beweegt. De gréissten Problem ass net de limitéierten Budget oder den beschränkten Decor, mä en Dréibuch dat geflessentlech d’Entwécklung vum Model Sitcom zënter den leschten 10 Joer ignoréiert. Et ass schwiereg mat sou engem Dréibuch en Publikum ze begeeschteren, dat mëttlerweil un esou Serien ewéi “How I met you mother”, “Breaking bad” an “Mad Men” gewinnt ass, och wann d’Schauspiller villäicht e bëssi steif, mä duerchaus talentéiert riwwer kommen. Weemseesdet beweegt sech eher um Niveau vum lëtzebuerger Bauerentheater, wou déi selwecht Thematiken op ähnlech Art a Weis ugeschwat ginn. Mä wat den Bauerentheater zum Virdeel huet ass seng Proximitéit zum Publikum, dat déi zum Deel improviséiert Performancen live materliewen kann. Weemseesdet par Conter ass en Theater ouni live Publikum, dat duerch seng Héichglanzpolitur op Distanz ze goen schéngt.

Et ass bezeechnend, dass déi éischt Episode sech thematesch op den klengsten gemeinsamen Nenner reduzéiert, den Auto. Dat wëssen d’Produzenten natierlech och an versichen deen kreativen Noutstand duerch eng fade an iwwerflächlech Kritik ze verstoppen. Den Problem ass just, dass duerch esou eng Maximéierung vum Zielpublikum den eigentlechen Bëss verluer geet, deen eng modern Sitcom hautdesdaags ausmécht. Et ass bedauernswäert, dass een hei eng wonnerbar Chance verpasst huet de Grondsteen fir eng authentesch lëtzebuergesch Fernsehkultur ze schafen, well een als Produzent léiwer op Nummer sécher wollt goen. Wann een Jidderengem well gefalen, dann gefält een zum Schluss kengem wierklech oder Jidderengem just e bëssi. Esou bleift Weemseesdet en vergiesserlecht Phänomen, dat zwar gedroen ass vun villverspriechenden Schauspiller, mä futti gemeet gëtt duerch en schwaacht Dréibuch mat vaguen Standarddialoger. Dat schwaacht Dréibuch ass besonnesch iwwerraschend, gouf et dach vum selwechten Auteur verfaasst, deen schon verantwortlech ass fir den absolut brillanten Dokumentarfilm “Heim ins Reich”.

A wa mer schonn bei de Longmetragen sinn: “Troublemaker” (e Verglach mangels Alternativen) huet an senger humoristescher Gesellschaftskritik funktionéiert, well esou moarttechnesch Prinzipien ewéi den kommerziellen Erfolleg an d’Zilgruppenmaximéierung egal waren. Et huet funktionéiert well een keng forcéiert Verpflichtung mam Publikum agaangen ass, populär ze sinn. D’Personnagen waren net op politesch Korrektheet getrimmt, wat hinnen d’Fräiheet erlaabt huet am Graffen dat ze soen, wat den domestikéierten Lëtzebuerger net héieren wollt. Natierlech ass dat net onbedéngt en gëeegent Format fir familljefrëndlech Leichtunterhaltung um Freides Owes, mä et ginn Beispiller, wou och béides funktionéieren kann. D’Simpsons, déi elo zënter e puer Wochen och an lëtzebuergescher Synchronisatioun ze héieren sinn, wieren sou een Beispill. Besser wier et awer wahrscheinlech gewiescht, an de Contrainten vum Mainstream-Media sech entweder op déi Aal oder déi Jonk ze fokusséieren.

Fest steet, Weemseesdet ass eng domestikéiert Sitcom, déi am gëllenem Käfeg vun hirem eegenen kommerziellen Erfolleg setzt, gedroen vun engem Dréibuch, dat fäert zouzebäissen aus Angscht e puer Spectateuren ze verléieren. Ech sinn der Meenung, dass dem lëtzebuerger Public méi zouzetrauen ass. Villäicht eng Sitcom aus enger lëtzebuergescher Wirtschaft nom Model vun “Dittsche”, déi eher an de Milieu vun de Gescheiterten schwammen geet, ewéi an d’virgoartromantescht Klengbiergertum. Et ass bekannt, dass sech d’Qualitéit vun enger Gesellschaft un hirem Buedemsatz miesst an net un de Pseudo-Problemer vun gelangweilten Wuelstandsbierger.

De Molière ass souzesoen den Urgrousspapp, deen mat senger “commedia dell’arte” de Grondsteen vun der klassescher Sitcom geluecht huet. Hien ass mat sengem Theatergrupp duerch d’Land gezunn an huet duerch seng ëffentlech Opféierungen op den Duerf- an Stiedplatzen vun de Spenden vun sengen Spectateuren gelieft. Wann de Leit hinnen d’Stéck gefall huet, hunn se vill bezuelt a wann seng Opféierung net gutt ukomm ass gouf d´Stéck net méi gespillt oder den Trupp ass weidergezunn. Weemseesdet wäert no senger éischter Opféierung op d’Reaktioun vum Publikum an net Kritiker, Zeitungsartikel oder Reklammen wäerten driwwer entscheeden, ob eng zweet Staffel kennt, mä d’Aschaltquoten. Dat ass a bleift d’Schicksal vum privaten Fernsehen.

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply