Aug 08 2008

Documentaire ?

Published by at 12:15 under TV

Wou sinn d’Grenzen tëscht Dokumentarfilm an Reportage ? D’Internet steet voller méiglechen Äntwerten.

RTL Lëtzebuerg waisst opmanst haut (08.08) um 19:30 an muer  (09.08) um 11:30 en 38 minuten Beitrag deen si als “Documentaire” bezeechnen! 

Documentaire: “Roude Léiw, huel se”

“Roude Léiw,huel se” wot e Bléck hannert Kulissen vum aus lëtzebuerger Siicht historeschen Tour de France 2008. Fir d’éischt zanter 40 Joer waren nees dräi Lëtzebuerger um Départ vun der Grande Boucle. 

Fir d’éischt zanter 50 Joer hunn der direkt zwee, de Kim Kirchen véier Deeg laang an de Fränk Schleck weider zwee Deeg, de giele Maillot gedroen. Fir d’éischte Kéier an der Geschicht vum Tour huet och e Lëtzebuerger, den Andy Schleck, de Maillot vum beschte jonke Coureur sechs Deeg laang bis op d’Arrivée op den Champs Elysées zu Paräis gedroen. Ouni dem Kim Kirchen seng sechs Deeg a Gréng ze vergiessen. Déi dräi hunn et fäerdeg bruecht, Lëtzebuerger Supporteren aus der Reserve ze lackelen. Zu Honnerte ware se op de Stroosse vum Tour mat den Fändele live dobäi. 

De Guy Weber an de Kameramann Dan Lammar hunn dës Supporteren an den Alpen tëscht Prato Nevoso an der legendärer Alpe d’Huez begleet. D’RTL Equipe huet och ongewinnten Szenen beim Team Work bei CSC dokumentéiert an bei den dräi Coureuren interessant Aussoen agefaang. 

Sinn de Kim, den Andy an de Fränk nei national Idoler, nei Helden? Si si sech hirer Popularitéit bewosst a bleiwen awer mat den zwee Féiss um Buedem.

Diffusioun: 8.8.2008 um 19.30 direkt nom Journal
Rediffusioun: 9.8.2008 um 11.30 no der olympëscher Vëloscourse zu Beijing

Reportage: Guy Weber
Kamera: Dan Lammar
Durée: 38 Minutten
Format: 16:9
Productioun: RTL Télé Lëtzebuerg, Juli 2008

Comments

comments

One response so far

One Response to “Documentaire ?”

  1. Steven Spielbergon 08 Aug 2008 at 12:50

    en reportage ass vun der tele fir d’tele produzeiert an hued e ganz aaneren arbechts ooflaaf wei eng doku produktioun.

    ?

    dat do klengt jddefalls beiss no reportage…

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply