Nov 25 2009

HOUSE OF BOYS vum Jean-Claude Schlim

Published by at 14:00 under Articles,Screening Room,TV

SOURCE: http://kultur.rtl.lu/kino/filmvunderwoch/49407.html – Jemp Thilges

Et ass wuel keng Chance, datt dem Jean-Claude Schlim säin „House of Boys“ déi selwecht Woch uleeft wéi den zweeten Episod vun der Twilight-Saga, well e groussen Deel vum Zilpublikum vum Film léiwer op de Kierchbierg oder op Belval pilgeren fir sech vun engem bleeche Vampir bäissen ze loossen anstatt sech qualitativ héichwäertege Lëtzebuerger Kino unzedoën, an deem een vun den Helden un AIDS stierft.
AIDS gehéiert jo souwisou bei deene Jonken zu enger Problematik, déi am léiftste verdrängt gëtt, nom Motto „aus den Augen, aus dem Sinn“. Dass d’Krankheet nees dobäi ass zouzehuelen an ërem méi Leit drun erkranken, ass leider eng Tatsaach, déi den Jean-Claude Schlim wuel och derzou beweegt huet, saïn „House of Boys“ ze dréien. Et huet emmerhin 5 ganzer Jore gedauert bis saï Film fäerdeg wor, well och d’Produzenten an d’Financiéren sinn net ëmmer ganz waarm, wann een mat esou enger Thematik gereest kënnt.
Egal wéi, de Film ass endlech do an en ass méi wéi gelongen. Zwar ass en, wéi vill éischt Filmer, e bëssen ze laang geroden, mee wat fir e Film ass dat haut schon net. Et versteet ee vum éischte bis zum leschte Bild dat de Jean-Claude Schlimm d’Thematik AIDS ganz déck am Hals sëtzen huet. Wat ech em allerdéngs nach vill méi héich urechnen ass dat en net higaang ass an en dokumentaresche Film iwer AIDS gedréit huët, mee e richtege Film mat enger Geschicht, engem Ufank, enger Mëtt an engem Ënn, sou wi se dat zu Hollywood zënter ëmmer machen. Et kéint ee souguer higoën a behaapten, „House of Boys“ wier en aalmoudesche Film ouni dobäi pejorativ ze sinn. Mat sengen Referenzen un de Josef von Sternberg (Blonde Venus) an den Douglas Sirk (Imitation of Life, All that Heaven allows) schléit de Regisseur e grousse Bou vum amerikanesche Kino aus den 1930er a 50er Jore bis bei de Rainer Werner Fassbinder an den „neien däitsche Film“ aus den 1970er an 80er, wat wuel och d’Präsenz vum exzellenten Udo Kier an der Roll vun der „Madame“ erklärt.
„Sirk and Sternberg meet Querelle in Philadelphia“ kĂ©int een den „House o Boys“ an engem Saz Ă«mschreiwen, wat wuel kee klenge Kompliment ass fir en Regisseur, deen laang gekämpft huet fir seng Visioun op den Ecran ze brĂ©ngen. an deem dat – mat e puer klengen OfstrĂ«ch – och gelongen ass. De LĂ«tzebuerger Kino ass an de leschte MĂ©int erwuesse ginn and wäert sech deemno och Ă«mmer mĂ©i op der internationaler Filmszen duerchsetzen. Mat „RĂ©fractaire“ vum Nicolas Steil, „House of Boys“ vum Jean-Claude Schlim an „Dust“ vum Max Jacoby, deen och deemnächst an de Kino kĂ«nnt, hunn eis CinĂ©asten an nĂ«mmen e puer MĂ©int bewisen, wat an hinne stĂ©cht. Do kann een nĂ«mme soen „weider esou“ – an der Hoffnung, dat de Publikum dobaussen hir Aarbechten och Ă«nnerstĂ«tzt. „House o Boys“ ass e „fairy tale“, woubäi dat englescht WuĂ«rt „fairy“ bewosst a senger Zweedeitegkeet benotzt gouf!

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply