Feb 10 2011

Lëtzebuerger Sitcom: “Weemseesdet” 2011 a “Comeback” 2012

Published by at 21:00 under Lux,TV

SOURCE: http://kultur.rtl.lu

RTL luxembourg

Lëtzebuerger Sitcom: 10 Projete goufen agereecht, 3 preselectionnéiert an 2 gi lo realiséiert an op RTL Télé gewisen: “Weemseesdet” 2011 a “Comeback” 2012.

Am September 2010 haten de Fonds national de soutien à la production audiovisuelle (Film Fund) an RTL Lëtzebuerg een Appel un d’Lëtzebuerger Filmproduzente lancéiert, fir eng Sitcom oder eng Soap “made in Luxembourg” ze maachen.

7 Productiounssocietéiten haten am Ganzen 10 Projeten agereecht. Dovu goufen der 3 preselectionnéiert vum Jury, an deem 2 Vertrieder vum Film Fund (Karin Schockweiler a Guy Daleiden) an 2 Vertrieder vun RTL (Alain Berwick a Steve Schmit) waren.

Bei deenen 3 Projeten handelt et sech ëm:

– “Weemseesdet”
Produzent: Deal Productions
Auteuren: Claude Lahr et Marc Limpach

– “Glécklech Gescheet”
Produzent: Samsa Film
Auteuren: Eric Lamhène, Thierry Faber a Frédéric Zeimet

– “Comeback”
Produzent: Lucil
Auteuren: Bernard Michaux et Frédéric Zeimet

No laangen Debaten, wéi et heescht, huet sech de Jury dofir entscheet, d’Realisatioun ex-aequo un de Projet “Weemseesdet” vun Deal Productions (Désirée Nosbusch an Alexandra Hoesdorff-Rosen) an u “Comeback” vu Lucil Film (Bernard Michaux) ze ginn.

RTL Télé Lëtzebuerg weist am Hierscht 2011 “Weemseesdet”, eng Sitcom mat 24 Episoden à 30 Minutten op Lëtzebuergesch. De Projet “Comeback” soll am Hierscht 2012 iwwert dee klengen Ecran lafen.

De Guy Daleiden, Direkter vum Film Fund, an den Alain Berwick, CEO vun RTL Lëtzebuerg, hu sech allen zwee zefridden gesot iwwert deen neie Partenariat, mat deem de Lëtzebuerger Public elo nei Lëtzebuerger Talenter am Beräich vun der audiovisueller Produktioun entdecke kinnt.

D’Gewënner gi mat dëse Wierder zitéiert:

Désirée Nosbusch: Nous sommes extrêmement heureux et fiers de pouvoir réalisér notre première production, une sitcom, avec Deal Productions au Luxembourg et en luxembourgeois! Nous remercions le Film Fong et RTL pour leur confiance et de nous permettre ainsi d’explorer ensemble de nouveaux horizons.

Bernard Michaux: Avec leur choix, le Film Fong et RTL ont montré qu’ils sont ouverts aux jeunes et à des idées très loin des chemins battus.

Comments

comments

No responses yet

Trackback URI | Comments RSS

Leave a Reply